Ëffentlech n°824

Petitionnär/in: Jeff Trierweiler

D'Verréckele vum Datum vun den Noexame fir d´Ofschlossklassen am Enseignement Secondaire a Secondaire technique

Zil vun der Petitioun

D´Noexamen am Secondaire a Secondaire technique fir d´Ofschlossklassen ginn all Joer am September geschriwwen. Dat stellt de Schüler meeschtens virun eng Problematik mat den Anschreiwungen fir d´Unien, déi oft schonn ufanks September ufänken. En Dossier deen d´Note vum Noexame beaflosst ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Vill Studente sinn all Joer am Fall, wou se Problemer mat hirer Uni oder Héichschoul  kréien well se Mëtt September nach Noexamen hun.  Et ass am Interessi vum Schüler, dëst ze änneren. Eng Preparatiounsphas vun engem Mount geet fir den Schüler duer, sech op seng Noexamen virzebereeden.  ... méi

ofgelaf  28.08.2017
337 /4.500
8%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
13.11.2017

Deklaratioun vun der Cloture

09.11.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 824 ass den 09-11-2017 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Pas de poursuite de l'instruction

15.09.2017

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

13.09.2017

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 337

13.09.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 824 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 13-09-2017 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 337

29.08.2017

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 824 z'ënnerschreiwen ass den 29-08-2017 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 337

17.07.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 824 ka vum 17-07-2017 un ënnerschriwwe ginn

17.07.2017

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

12.07.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 824 gouf den 12-07-2017 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-07-2017 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-08-2017 um 23h59

12.07.2017

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 12-07-2017 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 824 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

29.06.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 824 gouf den 29-06-2017 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: D'Verréckele vum Datum vun den Noexame fir d´Ofschlossklassen am Enseignement Secondaire a Secondaire technique

Zil vun der Petitioun: D´Noexamen am Secondaire a Secondaire technique fir d´Ofschlossklassen ginn all Joer am September geschriwwen.

 

Dat stellt de Schüler meeschtens virun eng Problematik mat den Anschreiwungen fir d´Unien, déi oft schonn ufanks September ufänken.

 

En Dossier deen d´Note vum Noexame beaflosst gëtt et an den Ofschlossklassen net.

 

Dëst bedeit, dass teschend dem leschte schrëftlechen Examen an den Noexamen eng Periode vun ongeféier 2 an engem halwe Mount läit.

 

 

 

E Verréckelen vun den Noexamen an den Juli/August wier fir de Schüler e Virdeel, well en esou, am Fall vun enger Admissioun direkt am September mat der Uni kann ufänken. Dobäi huet en nach Zäit fir sech e Logement ze sichen am Fall wou en am Ausland studéiere wëll.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Vill Studente sinn all Joer am Fall, wou se Problemer mat hirer Uni oder Héichschoul  kréien well se Mëtt September nach Noexamen hun. 

 

Et ass am Interessi vum Schüler, dëst ze änneren. Eng Preparatiounsphas vun engem Mount geet fir den Schüler duer, sech op seng Noexamen virzebereeden.