Ëffentlech n°766

Petitionnär/in: Philippe LEMAIRE

Entlaaschtung vun der Verkéiersinfrastruktur duerch Förderung vum Télétravail / Améliorer l'état du trafic routier par la promotion du télétravail

Zil vun der Petitioun

Des Petitioun fuerdert de Staat dozou op, ëffentlech a privat Arbeitgeber duerch verschidden Ureizer dozou ze bréngen, Aarbechtskräften, déi haaptsächlech um Computer an/oder um Telefon schaffen, zum Deel vun doheem aus schaffen ze loossen.

Motivatioun vun der Petitioun

Wann zum Beispill en Deel vum den Employéen a Fonctionnaire just nach 3 vu 5 Deeg op de Büro kommen misst wär vill manner Trafic op de Stroossen a manner Accidenter. Et géif och ökologesch gesinn e groussen Ënnerscheed maachen, d’C02 Bilanz vu Lëtzebuerg wier besser. D'Präisser vun den ... méi

ofgelaf  21.03.2017
65 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
01.06.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 766 ass den 01-06-2017 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Pas de poursuite de l'instruction

05.04.2017

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 65

05.04.2017

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

05.04.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 766 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 05-04-2017 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 65

22.03.2017

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 766 z'ënnerschreiwen ass den 22-03-2017 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 65

08.02.2017

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 766 z'ënnerschreiwen ass den 08-02-2017 bis den 21-03-2017 verlängert ginn

Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 21-03-2017

06.02.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 766 ka vum 06-02-2017 un ënnerschriwwe ginn

06.02.2017

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

02.02.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 766 gouf den 02-02-2017 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-02-2017 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-03-2017 um 23h59

31.01.2017

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 31-01-2017 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 766 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

18.01.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 766 gouf den 18-01-2017 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Entlaaschtung vun der Verkéiersinfrastruktur duerch Förderung vum Télétravail / Améliorer l'état du trafic routier par la promotion du télétravail

Zil vun der Petitioun: Des Petitioun fuerdert de Staat dozou op, ëffentlech a privat Arbeitgeber duerch verschidden Ureizer dozou ze bréngen, Aarbechtskräften, déi haaptsächlech um Computer an/oder um Telefon schaffen, zum Deel vun doheem aus schaffen ze loossen.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Wann zum Beispill en Deel vum den Employéen a Fonctionnaire just nach 3 vu 5 Deeg op de Büro kommen misst wär vill manner Trafic op de Stroossen a manner Accidenter. Et géif och ökologesch gesinn e groussen Ënnerscheed maachen, d’C02 Bilanz vu Lëtzebuerg wier besser. D'Präisser vun den Immobilie géifen och zu engem gesonde Moos erofgoen well d'Frontaliere manner oft op Lëtzebuerg komme missten. Doduerch kéinte jonk Leit sech erëm éischter eng Wunneng zu Lëtzebuerg leeschten a manner staatlech Ënnerstëtzung fir bezuelbare Wunnraum wier néideg. Ausserdeem erlaabt Télétravail Lëtzebuerg e staarke Wuesstem well Leit, déi vun doheem aus schaffen, keng physesch Plaz zu Lëtzebuerg brauchen. D'Ureizer vum Staat kéinte finanziell Entlaaschtungen vu Firme sinn déi Télétravail fërderen, Formatiounen an dem Beräich oder Stéierentlaschtungen. De Staat sollt allerdéngs just den Télétravail fërderen wou Employéen a Fonctionnairen nach op d'mannst d'Halschent vun der Zäit um Büro si missten well ansonsten riskéiert een en héige Chômage zu Lëtzebuerg well zum Beispill Lëtzebuerger Aarbechtskräften duerch indesch Aarbechtskräften ersat gi kéinten.