Ëffentlech n°756

Petitionnär/in: Laurent Weisgerber

Petitioun fir d'Flexibiliséierung vun den Ëffnungszäite bei den ëffentleche Servicer

Zil vun der Petitioun

Zil soll et sinn, d'Ëffnungszäite vun de Gemengen a ministerielle Servicer ze flexibiliséieren. Dëst géif et ville Leit erméiglechen, hir Démarchen, déi viraussetzen, dass ee muss perséinlech dohi goen (oder awer och wëll dohi goen), virun oder no der Aarbecht ze erleedegen. Esou muss ee sech ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Vill Servicer a Gemengen hunn oft just vun 8 bis 16.30 op, notamment an der Stad. Hei wiere méi flexibel Ëffnungszäite wënschenswäert. Verschidde Servicer sinn esouguer ausschliisslech moies op, wat dat Ganzt nach méi onflexibel mécht. Méiglech Léisunge wieren: Sief et wéi den däitsche ... méi

ofgelaf  21.03.2017
32 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
01.06.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 756 ass den 01-06-2017 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Pas de poursuite de l'instruction

05.04.2017

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 32

05.04.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 756 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 05-04-2017 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 32

22.03.2017

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 756 z'ënnerschreiwen ass den 22-03-2017 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 32

08.02.2017

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 756 z'ënnerschreiwen ass den 08-02-2017 bis den 21-03-2017 verlängert ginn

Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 21-03-2017

06.02.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 756 ka vum 06-02-2017 un ënnerschriwwe ginn

06.02.2017

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

02.02.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 756 gouf den 02-02-2017 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-02-2017 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-03-2017 um 23h59

31.01.2017

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 31-01-2017 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 756 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

21.12.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 756 gouf den 21-12-2016 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Petitioun fir d'Flexibiliséierung vun den Ëffnungszäite bei den ëffentleche Servicer

 

Zil vun der Petitioun: Zil soll et sinn, d'Ëffnungszäite vun de Gemengen a ministerielle Servicer ze flexibiliséieren. Dëst géif et ville Leit erméiglechen, hir Démarchen, déi viraussetzen, dass ee muss perséinlech dohi goen (oder awer och wëll dohi goen), virun oder no der Aarbecht ze erleedegen. Esou muss ee sech net ëmmer Congé huelen oder op d'Flexibilitéit vum Patron ugewise sinn.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Vill Servicer a Gemengen hunn oft just vun 8 bis 16.30 op, notamment an der Stad. Hei wiere méi flexibel Ëffnungszäite wënschenswäert. Verschidde Servicer sinn esouguer ausschliisslech moies op, wat dat Ganzt nach méi onflexibel mécht. Méiglech Léisunge wieren: Sief et wéi den däitsche Modell, wou Freides oft schonn ëm 12 Auer Weekend ass, mä dofir Mëttwochs bis 8 Auer owes op ass, oder awer och op zwee Deeg zwou Stonne méi laang. Alternativ kéint ee Büroen och gewëssen Deeg méi spéit opmaachen an dofir méi laang oploossen, oder méi fréi opmaachen a méi fréi zoumaachen déi Deeg. Alles an allem géif dat dem Bierger, deen normal Büroszäite schafft, staark entgéintkommen, an de Service fir de Bierger enorm verbesseren.