Ëffentlech n°744

Petitionnär/in: Lucien Welter

Ëffentlech Petitiounen sollen nëmme Bierger an Biergerinnen ënnerschreiwen an déposéieren dierfen, - déi am Registre des communes agedroe sinn, - déi Lëtzebuerger sinn an am Ausland wunnen oder déi Persounen, déi mat engem Lëtzebuerger bestued sinn an am Ausland wunnen, - déi op engem Konsulat oder enger Botschaft vu Lëtzebuerg régistréiert sinn.

Zil vun der Petitioun

Den But vun der Petitioun ass, dass kloer definéiert soll ginn, wënn eng Petitioun däerf ënnerschreiwen. Et gëtt kloer aus dem Reglement vun der Chamber ervir dass all Persoun déi am RNPP registréiert ass eng Petitioun däerf ënnerschreiwen. Laut dem Gesetz vum 19 Juni 2013 Artikel 1. hunn ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Et dierfen laut dem Reglement wat am Moment praktizéiert gëtt, all déi Leit ënnerschreiwen, déi am RNPP registréierte sinn. Onst Land ass op auslännesch Mataarbechter ugewisen, däi jo och am RNPP enrégistréeiert sinn,domadder och dat Recht haetten eng Pétitioun ze ënnerschreiwen. Ech fannen ... méi

ofgelaf  30.01.2017
213 /4.500
5%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
05.04.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 744 ass den 05-04-2017 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Pas de poursuite de l'instruction

24.02.2017

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

16.02.2017

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 213

16.02.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 744 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 16-02-2017 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 213

31.01.2017

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 744 z'ënnerschreiwen ass den 31-01-2017 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 214

19.12.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 744 ka vum 19-12-2016 un ënnerschriwwe ginn

15.12.2016

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

15.12.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 744 gouf den 15-12-2016 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-12-2016 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-01-2017 um 23h59

13.12.2016

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-12-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 744 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

21.11.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 744 gouf den 21-11-2016 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Ëffentlech Petitiounen sollen nëmme Bierger an Biergerinnen ënnerschreiwen an déposéieren dierfen,

- déi am Registre des communes agedroe sinn,

- déi Lëtzebuerger sinn an am Ausland wunnen oder déi Persounen, déi mat engem Lëtzebuerger bestued sinn an am Ausland wunnen,

- déi op engem Konsulat oder enger Botschaft vu Lëtzebuerg régistréiert sinn.

 

 

Zil vun der Petitioun: Den But vun der Petitioun ass, dass kloer definéiert soll ginn, wënn eng Petitioun däerf ënnerschreiwen. Et gëtt kloer aus dem Reglement vun der Chamber ervir dass all Persoun déi am RNPP registréiert ass eng Petitioun däerf ënnerschreiwen.

Laut dem Gesetz vum 19 Juni 2013 Artikel 1. hunn all déi Persounen déi a) am Gemengenregister,b) an engem Fichier vun engem Organisme public an déi dat Recht hunn dees IDnummer legal oder regelméisseg ze benotzen (z.B. CCSS ) registréiert sinn,eng Identifikatiounsnummer zugedëllt kritt, dat heescht och all Auslänner den zu Lëtzebuerg schafft, awer net hei wunnt, huet esou eng Nummer kritt. Et ass och net kloer wivill Leit am RNPP régistréiert sinn. Wann al die Leit am RNPP ageschriwwen sinn, sinn dat no inoffizielen Schäetzungen iwwert 2 Milliounen.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Et dierfen laut dem Reglement wat am Moment praktizéiert gëtt, all déi Leit ënnerschreiwen, déi am RNPP registréierte sinn. Onst Land ass op auslännesch Mataarbechter ugewisen, däi jo och am RNPP enrégistréeiert sinn,domadder och dat Recht haetten eng Pétitioun ze ënnerschreiwen.

Ech fannen dat ass net richteg an ass och net esou an engem Gesetz festgeluecht. Den Artikel 27 vun der Verfassung seet dass jiddereen eng Petitioun däerf ënnerschreiwen. Definitioun vun der Verfassung ass folgend: "die schriftlich niedergelegten Grundsätze über Form und Aufbau eines Staates, seiner eigenen Rechte und Pflichten und die seiner Bürger." - "Das Land erhielt eine demokratische Verfassung." - An dat sinn Bierger vun Lëtzebuerg.

 

Et ass vun nationalem Intressi, dass esou en wichtegt Instrument nëmmen vun d'Awunner, (dozu zielen och die Bierger die eng anner Nationalitaet hunn an gesetzeskonform hei ugemellt sinn), dei hei zu Lëtzebuerg di am Register des commune agedroen sinn an vun Lëtzebuerger dei am Ausland wunnen nëmmen dierfen eng Pétition ënnerschreiwen an och déposéiren.. An den Nopechlaener, dei direct unn onst Land grenzen ass dat schon lang esou festgeluecht. Et kann net sinn dass Bierger aus engem anneren Land bei ons eng Pétitioun dierfen ennerschreiwen, och wann se nëmmen hei schaffen.

 

D'Erfahrungen aus den lëschten Meint weissen kloer an daitlech dass an onsem Land dodurch ziemlech Opregung herrscht an eng Spaltung erfir geruff get wat net daerf sinn. Et siww festgehaalen dass och an Frankreich nëmmen Residanten dierfen eng Pétitioun ënnerschreiwen.