Ëffentlech n°728

Petitionnär/in: Jean Wivenes

Gratis ëffentlechen Transport OCH fir Studenten

Zil vun der Petitioun

Aktuell kënne Lëtzebuerger Schüler um Territoire vum Grand-Duché den ëffentlechen Transport zu all Moment gratis benotzen, sief et fir de Schoultrajet ewéi och am Privaten. Den LCGB-LCGJ (Jugend vum LCGB) fuerdert dat selwecht Rescht OCH fir all d’Studenten déi hei zu Lëtzebuerg studéiren.  ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

D’Lëtzebuerger Regierung gëtt vill Suen aus, fir aus der Uni.lu eng Universitéit vu Renommée ze maachen, déi wéit iwwert d’Landesgrenze bekannt soll ginn, a vergësst am selwechten Otemzuch awer d’Interête vun de Studenten, déi sech dagdeeglech an d'Stadt oder op de Belval mussen deplacéieren. ... méi

ofgelaf  06.12.2016
6914 /4.500
100%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
22.05.2018

Stellungnahm vum Petitionär

26.02.2018

Demarchë vun der Regierung am Kader vun der Instruktioun vun der Petitioun

Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
13.11.2017

Weiderleedung vum Procès-verbal vun der Reunioun

04.05.2017

En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 04-05-2017 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 728

Procès-verbaux vun de Reuniounen Procès-verbaux vun de Reuniounen
03.05.2017

6.914 signatures validées

21.03.2017

Invitation au débat

06.02.2017

Lettre des pétitionnaires

13.12.2016

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 765

13.12.2016

Validation de 6.914 signatures

13.12.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 728 huet den 13-12-2016 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht

07.12.2016

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 728 z'ënnerschreiwen ass den 07-12-2016 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 880

18.11.2016

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 6149

25.10.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 728 ka vum 25-10-2016 un ënnerschriwwe ginn

20.10.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 728 gouf den 20-10-2016 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-10-2016 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-12-2016 um 23h59

20.10.2016

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 20-10-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 728 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

13.10.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 728 gouf den 13-10-2016 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Gratis ëffentlechen Transport OCH fir Studenten

Zil vun der Petitioun: Aktuell kënne Lëtzebuerger Schüler um Territoire vum Grand-Duché den ëffentlechen Transport zu all Moment gratis benotzen, sief et fir de Schoultrajet ewéi och am Privaten. Den LCGB-LCGJ (Jugend vum LCGB) fuerdert dat selwecht Rescht OCH fir all d’Studenten déi hei zu Lëtzebuerg studéiren.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D’Lëtzebuerger Regierung gëtt vill Suen aus, fir aus der Uni.lu eng Universitéit vu Renommée ze maachen, déi wéit iwwert d’Landesgrenze bekannt soll ginn, a vergësst am selwechten Otemzuch awer d’Interête vun de Studenten, déi sech dagdeeglech an d'Stadt oder op de Belval mussen deplacéieren. Speziell de Site Belval, am Süde vum Land, bedeit leider fir vill Studenten ee laangen Trajet vun Doheem aus an duerfir fuerdert den LCGB-LCGJ, dass een den Studenten zumindest dës finanzielle Charge eweghëllt an och hinnen de gratis Accès op den ëffentlechen Transport zousteet.

 

De LCGB-LCGJ huet genee dës Verbesserung vun der allgemenger Mobilitéit déi d’Schüler, déi hei zu Lëtzebuerg schonn accordéiert kruten, gutt geheescht, a fuerdert elo d’Extensioun vun dësem Rescht och fir Studenten. Well och d’Studenten, genee ewéi d’Schüler, hunn meeschtens nach keen eegene Verdéngscht.

 

Doriwwer eraus gëtt hei am Land vill fir d’Verbesserung vun der „Mobilitéit Douce“ am Sënn vun der Ëmwelt an der Verkéiersberouegung gemaach. An Deem Kontext géif de gratis Accès den ëffentlechen Transport fir Studente méi attraktiv maachen an déi aktuell Mobilitéitsustrengunge vun der Regierung.