Ëffentlech n°724

Petitionnär/in: Christopher Back

Bezuelbare Wunnraum

Zil vun der Petitioun

Mat dëser Petitioun wëll ech erreechen, da dass de Wunnraum hei a Lëtzebuerg ( egal ob lounen oder kafen ) nees bezuelbar ass, och fir déi Leit, déi keng 2000 Euro netto als Pai hunn . Et muss dach e Gesetz kënne gemaach ginn wou dra steet, dass ee Meter carré just nach souvill Euro dierf ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Ech wëll einfach mat dëser Petitioun ereechen, dass dee ganzen Präisboom vun den Immobilien endlech ophält. Ech wëll och erreechen, dass déi kleng Leit sech eppes leeschte kënnen, also déi mam Mindestloun. Ech fannen et schonn traurech, dass 63% vun de Jonkerwuessenen, also déi tëschend 18 a ... méi

ofgelaf  27.12.2016
1225 /4.500
27%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
10.03.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 724 ass den 10-03-2017 ofgeschloss ginn

19.01.2017

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

10.01.2017

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1225

10.01.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 724 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 10-01-2017 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1225

28.12.2016

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 724 z'ënnerschreiwen ass den 28-12-2016 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1234

15.11.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 724 ka vum 15-11-2016 un ënnerschriwwe ginn

10.11.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 724 gouf den 10-11-2016 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-11-2016 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 27-12-2016 um 23h59

08.11.2016

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 08-11-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 724 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

04.10.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 724 gouf den 04-10-2016 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Bezuelbare Wunnraum

Zil vun der Petitioun: Mat dëser Petitioun wëll ech erreechen, da dass de Wunnraum hei a Lëtzebuerg ( egal ob lounen oder kafen ) nees bezuelbar ass, och fir déi Leit, déi keng 2000 Euro netto als Pai hunn . Et muss dach e Gesetz kënne gemaach ginn wou dra steet, dass ee Meter carré just nach souvill Euro dierf kaschten. Also hoffen ech op all Ennerschrëft, déi ech ka kréien, fir dass sech eppes hei am Land ännert. Merci am Viraus fir all Ënnerschrëft.

 

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Ech wëll einfach mat dëser Petitioun ereechen, dass dee ganzen Präisboom vun den Immobilien endlech ophält. Ech wëll och erreechen, dass déi kleng Leit sech eppes leeschte kënnen, also déi mam Mindestloun. Ech fannen et schonn traurech, dass 63% vun de Jonkerwuessenen, also déi tëschend 18 a 35 Jor, sech näischt méi leeschte kënnen. Ech weess, vu wat ech schwätzen, ech sinn ee vun deenen 63% an aus deem Grond setzen ech mech zu 110% an. Jiddereen huet dat Recht, do ze liewe wou e wëll.