Ëffentlech n°684

Petitionnär/in: Laurent Hurt

Fir eng Modificatioun vum Règlement grand-ducal vum 21. Juni 1978 iwwert d'Verstreeë vun den Äschen

Zil vun der Petitioun

Net jideree wëll begruewe ginn, respectiv an enger Urn an enger Grouf um Kierfecht baisgesat oder op enger Place publique verstreet ginn. De leschte Wonsch vun engem Verstuewene soll kënnen erfëllt ginn andeems hie bei enger Verbrennung och dierf an enger Urn doheem gehal ginn, ouni misse ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Alleguerten deene Mënschen, déi de Wonsch hunn nom Dout verbrannt ze ginn, de Choix ze loossen, wat mat hiren Äsche geschitt.

ofgelaf  24.10.2016
395 /4.500
9%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
19.01.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 684 ass den 19-01-2017 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Déclaration de clôture

17.11.2016

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 395

17.11.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 684 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 17-11-2016 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 395

17.11.2016

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

25.10.2016

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 684 z'ënnerschreiwen ass den 25-10-2016 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 395

12.09.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 684 ka vum 12-09-2016 un ënnerschriwwe ginn

08.09.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 684 gouf den 08-09-2016 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 12-09-2016 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-10-2016 um 23h59

05.09.2016

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 05-09-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 684 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

27.06.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 684 gouf den 27-06-2016 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir eng Modificatioun vum Règlement grand-ducal vum 21. Juni 1978 iwwert d'Verstreeë vun den Äschen

 

Zil vun der Petitioun: Net jideree wëll begruewe ginn, respectiv an enger Urn an enger Grouf um Kierfecht baisgesat oder op enger Place publique verstreet ginn. De leschte Wonsch vun engem Verstuewene soll kënnen erfëllt ginn andeems hie bei enger Verbrennung och dierf an enger Urn doheem gehal ginn, ouni misse verstreet ze ginn.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Alleguerten deene Mënschen, déi de Wonsch hunn nom Dout verbrannt ze ginn, de Choix ze loossen, wat mat hiren Äsche geschitt.