Ëffentlech n°513

Petitionnär/in: Daniel Rinck

De Groupe Neiwahlen fuerdert d'Demissioun vun der aktueller Regierung, der sougenannter Gambiakoalitioun.

Zil vun der Petitioun

Dës Regierungskoalitioun huet noweisbar net déi néideg Kompetenze fir e Land ze féieren. Mir verlaangen d'Demissioun vun der Regierung an d'Anhale vu Prozeduren, déi d'Verfassung dofir virgesinn huet. De Premierminister muss bei der Presentatioun vun der Demissioun beim Grand-Duc Henri ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Des Regierung hat um Koalitiounsdësch Vertrieder vun der fräier Wirtschaft déi den Koalitiounsaccord mat verhandelt hunn. Dëst weist drop hin dat keng Biergergerecht Politik soll gemaach ginn mee eng Lobbyiste Politik wat een och elo schonn feststellen kann. Wahlverspriechen vun deenen 3 ... méi

ofgelaf  26.08.2015
1217 /4.500
27%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
20.10.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 513 ass den 20-10-2015 ofgeschloss ginn

07.09.2015

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

03.09.2015

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1210

03.09.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 513 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 03-09-2015 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1217

27.08.2015

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 513 z'ënnerschreiwen ass den 27-08-2015 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1211

15.07.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 513 ka vum 15-07-2015 un ënnerschriwwe ginn

03.07.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 513 gouf den 03-07-2015 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-07-2015 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 26-08-2015 um 23h59

18.06.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 513 gouf den 18-06-2015 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: De Groupe Neiwahlen fuerdert d'Demissioun vun der aktueller Regierung, der sougenannter Gambiakoalitioun.

Zil vun der Petitioun: Dës Regierungskoalitioun huet noweisbar net déi néideg Kompetenze fir e Land ze féieren. Mir verlaangen d'Demissioun vun der Regierung an d'Anhale vu Prozeduren, déi d'Verfassung dofir virgesinn huet. De Premierminister muss bei der Presentatioun vun der Demissioun beim Grand-Duc Henri élections anticipées ufroen.

 

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Des Regierung hat um Koalitiounsdësch Vertrieder vun der fräier Wirtschaft déi den Koalitiounsaccord mat verhandelt hunn. Dëst weist drop hin dat keng Biergergerecht Politik soll gemaach ginn mee eng Lobbyiste Politik wat een och elo schonn feststellen kann.

 

Wahlverspriechen vun deenen 3 Parteien sinn massiv gebrach ginn ( Wahlprogrammer am verglach mat dem Koalitiounsaccord beweisen dat méi wéi däitlech)

 

Des Regierung huet et fäerdeg bruecht sech mat allen Gewerkschaften an villen etabléierten Organisatiounen unzeleeën an fir massiv Onzefriddenheet ze suergen déi och schonn fir Manifestatiounen virun der Chamber an och op aner Platzen gesuergt hunn ( Reform vum Enseignement, géint den Spuerpak...) oder och Police déi Schrëtt ugekënnegt hunn fir sech ze wieren fir der nëmmen e puer ze nennen...

 

Dës Regierung huet en Referendum op den Wee ginn virun deem vill Experten gewarnt hunn, an a kaf geholl fir Parteipolitesch Zwecker, fir Parteistrategesch Zwecker an ouni sech déi néideg Zäit ze huelen fir Bierger adequat ze informéieren, Streit an der Bevëlkerung ze provozéieren wat sech och doduerch manifestéiert huet dat Land an 2 gespléckt war, nëmmen nach eng Fro diskutéiert ginn ass, an déi 2 aner wichteg Froen ignoréiert gi sinn. Dat alleng féiert deen Referendum ad absurdum an hëlt him all Legitimitéit.

 

Den Här Bettel deen als Premier selwer an enger Chambersaach intervenéiert huet an massiv an Referendums Campagnenvun der DP an der Koalitioun agegraff huet, wat hien nëmmen als Parteipresident hätt kennen maachen, awer oft huet hien gesot : Ech als Premier.....En Referendum deen Politeschen Stëllstand provozéiert huet, Politeschen Stëllstand kascht en Land Milliounen wann Personal an en Referendum mat agebonnen ass.

 

En Premier deen sech Fräiheet eraus hellt an där Campagnen ze soen virun den Kameraen um Mikro ( Tramsschapp) : Ech verspriechen dass ech en Fach Politik an den Schoulen aféieren wann den Jo an der Fro vum Wahlrecht an 16 keent, weist drop hin dass mir en Premier hunn deen Grondkenntnisser vun eiser Verfassung net kennt, Grondkenntnisser vun eiser Politescher Lëtzebuergescher Kultur net keent, well soss misst hien wëssen dat och en Premier keen neit Schoulfach kann asetzen ouni den zoustännegen Ministere an Chamber ze consultéieren.

 

Des Regierung huet net den Politeschen Anstand no esou engem Wahldesaster wou och kloer géint des Regierung gestëmmt ginn ass, hir Politesch Verantwortung ze iwwerhuelen an Plaatz fir nei Léit ze maachen an esou eisem Land Chance ze ginn ënnert enger neier Féierung erëm zu Rou ze kommen.

 

Aus deenen an nach aner Grënn fuedert den Groupe Neiwahlen Demissioun vun dëser Regierung fir dass Land erëm zu Rou kennt an well eng kompetent Féierungsspëzt an dësen Zäiten méi wéi néideg ass.

 

17.06.2015

Depot