Ëffentlech n°2998

Petitionnär/in: Angelo Gusty Winandy

Obligatioun fir Lëtzebuergesch ze beherrschen an oder ze léieren.

Zil vun der Petitioun

Das d'Lëtzebuerger Sprooch gestäerkt gëtt an d'Sprooch erhale bleift. Eng Obligatioun fir all Bierger, déi zu Lëtzebuerg schaffen oder wëlle schaffen, Lëtzebuergesch ze beherrschen oder ze léieren ier se däerfen schaffen. A fir Aarbechter déi vun engem Lëtzebuerger Sproochecours ënnerstëtzt ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Datt vill vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung kee Franséisch kennen oder sech wéinst Franséisch net doheem fillen. Well zu Lëtzebuerg schwätzen d'Aarbechter an de Butteker a Restauranten haaptsächlech franséisch. An dat gëtt och un d'Jugend weiderginn. Vill Leit schwätzen net Lëtzebuergesch an ... méi

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
22.02.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2998 ass den 22-02-2024 zeréckgezu ginn

Motivatioun fir de Retrait: Retrait de la pétition sur demande du pétitionnaire

26.01.2024

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2998 ka vum 26-01-2024 un ënnerschriwwe ginn

25.01.2024

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

25.01.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2998 gouf den 25-01-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 26-01-2024 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-03-2024 um 23h59

24.01.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 24-01-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2998 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

07.01.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2998 gouf den 07-01-2024 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Obligatioun fir Lëtzebuergesch ze beherrschen an oder ze léieren.

Zil vun der Petitioun: Das d'Lëtzebuerger Sprooch gestäerkt gëtt an d'Sprooch erhale bleift.

Eng Obligatioun fir all Bierger, déi zu Lëtzebuerg schaffen oder wëlle schaffen, Lëtzebuergesch ze beherrschen oder ze léieren ier se däerfen schaffen. A fir Aarbechter déi vun engem Lëtzebuerger Sproochecours ënnerstëtzt ginn an en net bannent 2 Joer ofgeschloss hunn, verléieren hir Aarbecht.

An datt d'Sprooch moderniséiert gëtt an, an de Schoulen engt obligatoresche Fach gëtt.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Datt vill vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung kee Franséisch kennen oder sech wéinst Franséisch net doheem fillen. Well zu Lëtzebuerg schwätzen d'Aarbechter an de Butteker a Restauranten haaptsächlech franséisch.

An dat gëtt och un d'Jugend weiderginn. Vill Leit schwätzen net Lëtzebuergesch an der Schoul, mee meeschtens Franséisch, Englesch oder Portugisesch. Dat heescht, datt d'Lëtzebuerger Sprooch verdriewen gëtt.