Petitionnär/in: Andy Bram
Eropsetzen vum Congé pour raisons familiales vun 12 Deeg pro Elterendeel an 4 Joer op 12 Deeg pro Elterendeel pro Joer. Daat selwecht och fir den Alter vun 4-13 Joer.
Zil vun der Petitioun
Et geet einfach net duer matt 12 Deeg Congé pour raisons familiales tescht 0 an 4 Joër fir een Elterendeel. E Kand tescht 0-4 Joër as an déier Period einfach ze oft krank an daat as net einfach an deser Zäit matt all deene Krankheeten a Virus'en die et hautzudaags gett. Dohir wären 10-12 ... méi
Motivatioun vun der Petitioun
Sou oft wéi Kanner am Alter tescht 0-4 Joer krank gin geet et beim beschten wëlen netméi duer un Conge pour raisons familliales op deen een an déier ganzer Period kann zreck gräifen. Net jidreen kann an deem fall op Grousselteren, Famill oder Kollegen zielen. An stin dann do ouni hellef. ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 4738
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2540 z'ënnerschreiwen ass den 04-02-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 4818
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2540 ka vum 24-12-2022 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2540 gouf den 22-12-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-12-2022 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 03-02-2023 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 21-12-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2540 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2540 gouf den 30-11-2022 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Eropsetzen vum Congé pour raisons familiales vun 12 Deeg pro Elterendeel an 4 Joer op 12 Deeg pro Elterendeel pro Joer. Daat selwecht och fir den Alter vun 4-13 Joer.
Zil vun der Petitioun: Et geet einfach net duer matt 12 Deeg Congé pour raisons familiales tescht 0 an 4 Joër fir een Elterendeel. E Kand tescht 0-4 Joër as an déier Period einfach ze oft krank an daat as net einfach an deser Zäit matt all deene Krankheeten a Virus'en die et hautzudaags gett. Dohir wären 10-12 Deeg pro Elterendeel pro Joer och gerächtfärdegt. An daat selwescht misst och dem Alter vun 4-13 Joër no adaptéiert gin.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Sou oft wéi Kanner am Alter tescht 0-4 Joer krank gin geet et beim beschten wëlen netméi duer un Conge pour raisons familliales op deen een an déier ganzer Period kann zreck gräifen. Net jidreen kann an deem fall op Grousselteren, Famill oder Kollegen zielen. An stin dann do ouni hellef. Entweder et mellt een sech selwer dann krank oder et geet vum reguläre Congé of. An daat as och net den Sënn vun der Saach. Well domat as kengem gehollef. Weder em Patron, nach den Elteren an nach manner em Kand.