Ëffentlech n°1754

Petitionnär/in: Ronny Erpelding

Upasse vum Artikel 7 betreffend d‘Schoulgesetz vum 6. Februar 2009, an de „verspillte“ Kanner déi tëschent dem 1. a 14. September gebuer sinn, d’Recht ze ginn, de 15. September offiziell mat der Schoul unzefänken. Révision de l’article 7 de la loi du 6 février 2009 relative à l’obligation scolaire en donnant également le droit aux enfants nés entre le 1er et 14 septembre et âgés de 4 ans de fréquenter l’école le 15 septembre de l’année en cours.

Zil vun der Petitioun

Et ass noutwendeg den Artikel 7 vum Schoulgesetz ze adaptéieren « Tout enfant habitant le Luxembourg âgé de 4 ans révolus avant le 1er septembre, doit fréquenter l’école. Cette obligation s’étend sur douze années consécutives à partir du 1er septembre de l’année en question », an den Delai  ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Des Revisioun ass noutwendeg, fir ze vermeiden dat d’Kanner mat 4 – 5 Joer an enger Crèche oder Precoce sinn, a soumat eng ganz Plage besetzen. Wéinst héijer Nofro un Crèche-Plazen ass en onnéideg e Kand nach mat 4 bis 5 Joer an enger Crèche oder Precoce ze placéieren ouni valabele Grond.  ... méi

ofgelaf  25.02.2021
63 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
23.04.2021

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
21.04.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1754 ass den 21-04-2021 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

18.03.2021

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

17.03.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1754 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 17-03-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 63

17.03.2021

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 63

26.02.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1754 z'ënnerschreiwen ass den 26-02-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 63

15.01.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1754 ka vum 15-01-2021 un ënnerschriwwe ginn

15.01.2021

Démarrage de la période de signature

14.01.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

14.01.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1754 gouf den 14-01-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-01-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-02-2021 um 23h59

13.01.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-01-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1754 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

10.01.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1754 gouf den 10-01-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Upasse vum Artikel 7 betreffend d‘Schoulgesetz vum 6. Februar 2009, an de „verspillte“ Kanner déi tëschent dem 1. a 14. September gebuer sinn, d’Recht ze ginn, de 15. September offiziell mat der Schoul unzefänken.

Révision de l’article 7 de la loi du 6 février 2009 relative à l’obligation scolaire en donnant également le droit aux enfants nés entre le 1er et 14 septembre et âgés de 4 ans de fréquenter l’école le 15 septembre de l’année en cours.

 

Zil vun der Petitioun: Et ass noutwendeg den Artikel 7 vum Schoulgesetz ze adaptéieren « Tout enfant habitant le Luxembourg âgé de 4 ans révolus avant le 1er septembre, doit fréquenter l’école. Cette obligation s’étend sur douze années consécutives à partir du 1er septembre de l’année en question », an den Delai vum 1. op de 14. September unzepassen, soudatt déi betraffe Kanner mat 4 Joer, de 15. September mat der Spillschoul kennen ufänken, ouni e ganzt Joer ze verspillen.

 

Le but de cette pétition est d’abord de réviser l’article 7 de ladite loi « Tout enfant habitant le Luxembourg âgé de 4 ans révolus avant le 1er septembre, doit fréquenter l’école. Cette obligation s’étend sur douze années consécutives à partir du 51er septembre de l’année en question »

et de prolonger le délai du 1er au 14 septembre et d’éviter ainsi que les enfants nés entre le 1er et 14 septembre, et âgés de 4 ans, risque de perde une année scolaire sans raison valable.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Des Revisioun ass noutwendeg, fir ze vermeiden dat d’Kanner mat 4 – 5 Joer an enger Crèche oder Precoce sinn, a soumat eng ganz Plage besetzen. Wéinst héijer Nofro un Crèche-Plazen ass en onnéideg e Kand nach mat 4 bis 5 Joer an enger Crèche oder Precoce ze placéieren ouni valabele Grond.

D’Kanner sinn an der Crèche oder Precoce ënnerfuerdert a verspillen doduerch e wichtegt Schouljoer.

Mat dëser Upassung vum Artikel 7 kéinten d’Kanner déi tëschent dem 1. a 14. September gebuer sinn a 4 Joer hunn, de 15. September mat der Spillschoul ufänken.

 

Cette révision est utile pour éviter que les enfants âgés de 4 à 5 ans ne fréquentent pas une crèche ou une précoce préscolaire en occupant une tâche complète.

Les enfants âgés de 4 ans ou plus ne sont pas assez épanouis à la crèche et perdent ainsi une année scolaire.

Les enfants nés entre le 1er et 14 septembre et âgés de 4 ans peuvent également fréquenter l’école.