Ëffentlech n°1348

Petitionnär/in: Marc Schmit

Iwwerhuele vun de Käschten vun der Piloteformatioun fir Läsch-Hëllef ze leeschten resp. Mënschen a schwierege Situatiounen aus der Loft ze retten.

Zil vun der Petitioun

No engem EU-Reglement vun 2016 gëtt eng speziell Formatioun fir d'Pilote verlaangt, déi Läschasätz fléien oder eng Loftrettung vu Persounen duerchféiere wëllen. Hei ass de Staat gefuerdert, an zwar de Ministère de l'Interieur, zesumme mam CGDIS fir d'Käschten vun der Piloteformatioun fir ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Bei de Läschaarbechte vum 25. Juli 2019 op verschiddene Plazen am Land ware keng Läschfligeren oder Helikopteren, déi gehollef hunn, am Asaz. Wat am Ausland Usus ass, gëtt et hei zu Lëtzebuerg net. An aller läschter Nout hätt op Hëllef aus dem Ausland missen zréckgegraff ginn. An dat obwuel ... méi

ofgelaf  01.11.2019
9 /4.500
0%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
09.01.2020

Deklaratioun vun der Cloture

08.01.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1348 ass den 08-01-2020 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

18.11.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

13.11.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1348 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 13-11-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 9

13.11.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 9

02.11.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1348 z'ënnerschreiwen ass den 02-11-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 9

20.09.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1348 ka vum 20-09-2019 un ënnerschriwwe ginn

19.09.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

19.09.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1348 gouf den 19-09-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-09-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 01-11-2019 um 23h59

18.09.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 18-09-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1348 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

29.07.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1348 gouf den 29-07-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Iwwerhuele vun de Käschten vun der Piloteformatioun fir Läsch-Hëllef ze leeschten resp. Mënschen a schwierege Situatiounen aus der Loft ze retten.

Zil vun der Petitioun: No engem EU-Reglement vun 2016 gëtt eng speziell Formatioun fir d'Pilote verlaangt, déi Läschasätz fléien oder eng Loftrettung vu Persounen duerchféiere wëllen.

 

Hei ass de Staat gefuerdert, an zwar de Ministère de l'Interieur, zesumme mam CGDIS fir d'Käschten vun der Piloteformatioun fir Läsch-Hëllef ze leeschten resp. Mënschen a schwierege Situatiounen aus der Loft ze retten.

 

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Bei de Läschaarbechte vum 25. Juli 2019 op verschiddene Plazen am Land ware keng Läschfligeren oder Helikopteren, déi gehollef hunn, am Asaz. Wat am Ausland Usus ass, gëtt et hei zu Lëtzebuerg net. An aller läschter Nout hätt op Hëllef aus dem Ausland missen zréckgegraff ginn. An dat obwuel d’Air Rescue d’Material derfir hätt. De Grond, de Staat wëll aktuell d'Käschten vun däer néideger Formatioun net iwwerhuelen.

Et ass eng Fro vun der Verantwortung vum Staat vis-à-vis vu senge Bierger wann se an Nout geroden