Ëffentlech n°1338

Petitionnär/in: Carlo Kirsch

Schafe un enger legaler Basis fir d'Benotze vun Dashcams am Auto

Zil vun der Petitioun

Eng legal Basis schaafen fir d'Benotze vu sougenannten Dashcam'en an Autoen an aaner Gefierer am Stroosseverkéier wéi et mëttlerweil a villen europäesche Länner de Fall as. Hei as d'Benotze vun enger Dashcam deels ganz legal, deels ënner verschidden Oplaagen erlaabt an dat doduerch gesëchert ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Eng Erlabnis zur Benotzung vun enger Dashcam géif folgend Virdeeler bidden: 1. De leider ëmmer mei heefegen Delikt vun der Fahrerflucht no engem Accident anzedämmen a Fäll vu Fahrerflucht opklären ze kënnen. 2. D'Geriichter entlaaschten duerch Beweismaterial vu Kollisiounen, an domat ... méi

ofgelaf  01.11.2019
147 /4.500
3%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
09.01.2020

Deklaratioun vun der Cloture

08.01.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1338 ass den 08-01-2020 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

18.11.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

13.11.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1338 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 13-11-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 147

13.11.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 147

02.11.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1338 z'ënnerschreiwen ass den 02-11-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 147

20.09.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1338 ka vum 20-09-2019 un ënnerschriwwe ginn

19.09.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

19.09.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1338 gouf den 19-09-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-09-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 01-11-2019 um 23h59

18.09.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 18-09-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1338 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

16.07.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1338 gouf den 16-07-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Schafe un enger legaler Basis fir d'Benotze vun Dashcams am Auto

Zil vun der Petitioun: Eng legal Basis schaafen fir d'Benotze vu sougenannten Dashcam'en an Autoen an aaner Gefierer am Stroosseverkéier wéi et mëttlerweil a villen europäesche Länner de Fall as. Hei as d'Benotze vun enger Dashcam deels ganz legal, deels ënner verschidden Oplaagen erlaabt an dat doduerch gesëchert Beweismaterial am Fall vun Accidenter viru Geriicht zoulässeg.

 

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Eng Erlabnis zur Benotzung vun enger Dashcam géif folgend Virdeeler bidden: 1. De leider ëmmer mei heefegen Delikt vun der Fahrerflucht no engem Accident anzedämmen a Fäll vu Fahrerflucht opklären ze kënnen. 2. D'Geriichter entlaaschten duerch Beweismaterial vu Kollisiounen, an domat d'Scholdfro aussergeriichtlech klären ze kënnen. 3. Schutz géint, resp. Opklärung vu Vandalismus a mutwëllegem Zerstéieren vun Autoen. Gewësse Restrictiounen missten fir de Gebrauch gëllen: - nëmmen privat zur Beweissecherung notzbar - d'Material därf net publizéiert gin - d'Daten mussen no enger gewësser Zäit geläscht gin - Speicherung vun Daten just am Fall vun engem Accident, soss keng dauerhaft Opzeechnung a Speicherung vu gefilmtem öffentleche Raum, mee sougenannte Loop-Opnahmen, mat permanentem Iwwerschreiwen vum gespeichertem Material.