Ëffentlech n°1324

Petitionnär/in: François Zeien

Méi mobil oder fix Radaren, oder Policekontrollen am Norden vum Land

Zil vun der Petitioun

Den 29/06/2019 géint 16 Auer ass zu Weiswampach een polneschen Jong, deen mat senger Famill hei an Letzebuerg Vakanz gemeet huet, vun engem Auto ugestouss gin. An zwar sou hefteg, dass den Jong baal 100 Meter duerch d'Luucht geseegelt ass, éischter dass en beim Nopeschhaus an der Maierchen ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Am groussen an ganzen fällt op, dass den leschten fixen Radar kuerz virun Marnech steet, dono kent absolut naischt méi. An och an der rue "Grous Strooss" hei an Waiswampech rennen d'Leit waat den Buttek nemmen hier get. Do huet d'Regierung extrem vill Nachholbedarf. Dowengst wier et wichteg, ... méi

ofgelaf  30.08.2019
43 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
18.11.2019

Deklaratioun vun der Cloture

13.11.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1324 ass den 13-11-2019 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

23.09.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

18.09.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1324 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 18-09-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 43

18.09.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 43

30.08.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1324 z'ënnerschreiwen ass den 30-08-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 43

19.07.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1324 ka vum 19-07-2019 un ënnerschriwwe ginn

18.07.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

18.07.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1324 gouf den 18-07-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-07-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-08-2019 um 23h59

17.07.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 17-07-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1324 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

01.07.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1324 gouf den 01-07-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Méi mobil oder fix Radaren, oder Policekontrollen am Norden vum Land

Zil vun der Petitioun: Den 29/06/2019 géint 16 Auer ass zu Weiswampach een polneschen Jong, deen mat senger Famill hei an Letzebuerg Vakanz gemeet huet, vun engem Auto ugestouss gin. An zwar sou hefteg, dass den Jong baal 100 Meter duerch d'Luucht geseegelt ass, éischter dass en beim Nopeschhaus an der Maierchen gelandt ass. Daat aleng beweist, dass desen Chauffeur, deen daat Kand ugestouss huet, vill ze séier ennerwee wor. D'Duarrefstrooss ass "nemmen" en kleng Nierwenstroos hei zu Waiswampech, an hei, genau wéi an aaner Niewenstroossen, sin kaum Kontrollen vun der Police, geschweige denn Radaren, mobiler oder fixer. An dowengst rennen vill Leit hei mat Damp duerch di Stroossen. Bis elo war nach nie eppes schlemmes passéiert, mee elo huet en Kand et mat engem traumatiséirendem Erliewnes missen bezuelen.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Am groussen an ganzen fällt op, dass den leschten fixen Radar kuerz virun Marnech steet, dono kent absolut naischt méi. An och an der rue "Grous Strooss" hei an Waiswampech rennen d'Leit waat den Buttek nemmen hier get. Do huet d'Regierung extrem vill Nachholbedarf. Dowengst wier et wichteg, méi fir d'Secherheet vun den Kanner an d'Leit hei am allgemengen ze maachen, an dass des Pétitioun méi wéi nemmen Senn ergett.