Ëffentlech n°1296

Petitionnär/in: Gil Besch

Siichtschutz fir Accidenter op den Autobunnen

Zil vun der Petitioun

Fir dass Gaffer keng Meiglegkeet mei kreien Fotoen, Videoen etc ze machen wann am Geigenverkeier op der Autobunn een schweiert Accident geschitt ass. Dass den Traffic normal kann weider laafen an sech an dei aner Leit net nach an Gefor brengt fir ze gaffen. Et gin Fotoen op den Norichtensiten ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Aus respekt fir dei Leit dei blesseiert gin bei Accidenter, mussen net nach aner Leit Fotoen an Videoen fir den Privatgebrauch oder fir Sozialmedien maan. Et muss gehandelt gin, et gin souvill schweier Accidenter op eisen Autobunnen an et kann net sin dass duerch Gafferten op der aner ... méi

ofgelaf  19.07.2019
61 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
18.11.2019

Deklaratioun vun der Cloture

13.11.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1296 ass den 13-11-2019 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

23.09.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

18.09.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1296 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 18-09-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 0

18.09.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 61

19.07.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1296 z'ënnerschreiwen ass den 19-07-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 61

07.06.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1296 ka vum 07-06-2019 un ënnerschriwwe ginn

06.06.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

05.06.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1296 gouf den 05-06-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-06-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-07-2019 um 23h59

04.06.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 04-06-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1296 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

23.05.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1296 gouf den 23-05-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Siichtschutz fir Accidenter op den Autobunnen

Zil vun der Petitioun: Fir dass Gaffer keng Meiglegkeet mei kreien Fotoen, Videoen etc ze machen wann am Geigenverkeier op der Autobunn een schweiert Accident geschitt ass. Dass den Traffic normal kann weider laafen an sech an dei aner Leit net nach an Gefor brengt fir ze gaffen. Et gin Fotoen op den Norichtensiten an Videoen! Dei Methode gët schon ugewand am noen Ausland bei schweieren Accidenter, Daitschland, Holland, wisou net och hei zu Lëtzebuerg.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Aus respekt fir dei Leit dei blesseiert gin bei Accidenter, mussen net nach aner Leit Fotoen an Videoen fir den Privatgebrauch oder fir Sozialmedien maan.

Et muss gehandelt gin, et gin souvill schweier Accidenter op eisen Autobunnen an et kann net sin dass duerch Gafferten op der aner Autobunnssait en Stau entsteet respektiv een weidert accident!