Ëffentlech n°1264

Petitionnär/in: Karoline Maes et Laurent Weisgerber

Aféierung vun enger genereller Impfflicht fir Klengkanner / Introduction d'une obligation vaccinale généralisée pour les enfants en bas âge

Zil vun der Petitioun

D’Ziel vun dëser Petitioun ass d’Aféiere vun enger genereller Impfflicht fir all Kanner géint déi geleefeg Kannerkrankheeten. Ouni dëss Impfungen dierfe si net méi an ëffentlech Ariichtunge wéi Crèchen, Maisons Relais, Schoulen oder Vakanzekolonien opgeholl ginn. Et geet hei drëm den ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Soubal Kanner an eng Crèche, d’Schoul, eng Maison Relais, eng Vakanzekolonie oder aner ëffentlech Ariichtunge fir Kanner ginn, komme si gezwongenermoosse mat anere Kanner a Kontakt, wat de Risk erhéicht eng ustiechend Kannerkrankheet ze kréien. Eng Impfung kann de Risk erhieflech verréngeren ... méi

ofgelaf  28.06.2019
546 /4.500
12%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
17.10.2019

Deklaratioun vun der Cloture

16.10.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1264 ass den 16-10-2019 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande de reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

08.07.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

03.07.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1264 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 03-07-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 546

03.07.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 546

28.06.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1264 z'ënnerschreiwen ass den 28-06-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 546

17.05.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1264 ka vum 17-05-2019 un ënnerschriwwe ginn

16.05.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

15.05.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1264 gouf den 15-05-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-05-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-06-2019 um 23h59

15.05.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 15-05-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1264 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

08.04.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1264 gouf den 08-04-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Aféierung vun enger genereller Impfflicht fir Klengkanner / Introduction d'une obligation vaccinale généralisée pour les enfants en bas âge

Zil vun der Petitioun: D’Ziel vun dëser Petitioun ass d’Aféiere vun enger genereller Impfflicht fir all Kanner géint déi geleefeg Kannerkrankheeten. Ouni dëss Impfungen dierfe si net méi an ëffentlech Ariichtunge wéi Crèchen, Maisons Relais, Schoulen oder Vakanzekolonien opgeholl ginn.

 

Et geet hei drëm den aktuelle System vun de recommandéierten Impfungen duerch een neie legale Kader ze ersetzen, an dem dës Impfunge fir Klengkanner sollen obligatoresch gemaach ginn (ausser bei Kanner bei deene medezinesch Grënn dogéint schwätzen), esou wéi et schonn an der Halschent vun de Memberstaaten vun der EU de Fall ass. A Frankräich ass esou eng Impfflicht den 1. Juni 2018 a Kraaft getrueden, fir all d’Kanner déi vum 1. Januar 2018 un gebuer gi sinn.

 

Dës Impfflicht soll agefouert ginn, well kleng Kanner nach net genuch géint ustiechend Krankheete geschützt sinn, hiren Immunsystem ass nach ze schwaach a kann nëmmen duerch déi néideg Impfunge gestäerkt ginn.

 

____________________________________________________________________________________________

 

 

Le but de cette pétition est la mise en place d'un cadre juridique contraignant imposant que tout enfant doit être vacciné contre les maladies infantiles courantes pour pouvoir être admis en crèche, à l'école, en maison relais, en colonie de vacances ou toute autre collectivité d’enfants.

 

Il s'agit de modifier le modèle actuel des vaccinations recommandées par un modèle imposant certains types de vaccinations pour les enfants en bas âge (sauf contre-indication médicale), comme tel est déjà le cas dans la moitié des Etats membres de l'Union européenne. Ainsi, la France a-t-elle introduit à partir du 1er juin 2018 une telle obligation vaccinale pour les enfants nés à partir du 1er janvier 2018.

 

L'introduction d'une telle obligation vaccinale généralisée pour les enfants en bas âge, se justifie par le fait qu'ils ne sont pas encore suffisamment protégés contre les maladies contagieuses, étant donné que leur système immunitaire est encore faible et qu'il doit être fortifié par la vaccination.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Soubal Kanner an eng Crèche, d’Schoul, eng Maison Relais, eng Vakanzekolonie oder aner ëffentlech Ariichtunge fir Kanner ginn, komme si gezwongenermoosse mat anere Kanner a Kontakt, wat de Risk erhéicht eng ustiechend Kannerkrankheet ze kréien. Eng Impfung kann de Risk erhieflech verréngeren dëss Krankheeten ze kréien oder souguer verhënneren. Eng Impfung schützt esou net nëmmen dat geimpfte Kand mä och aner geschwächte Kanner an Erwuessener aus dem Ëmfeld. An éischter Linn geet et bei der Aféierung vun enger genereller Impfflicht dorëmmer Klengkanner virum onnéidegen Ustieche mat schwéiere Krankheeten ze schützen. D.h. schütze virun onnéidegem Leiden ënnert der Form vun desagreabele Symptomer, déi kënne schlëmmstefalls zu enger Hospitalisatioun féieren, oder souguer zu schwéieren Handicappen oder zum Doud vum Kand. D’Aféiere vun engem flächendeckenden Impfschutz erméiglecht et ausserdeem de Risk vun Epidemien ze verréngeren. Dat ass besonnescht wichteg well Neigebuerener oder Kanner an Erwuessener mat geschwächtem Immunsystem wéinst medezinesche Konterindicatiounen net duerch eng Impfung geschützt kënne ginn. Eng Impfflicht ass net just am beschten Interêt vum Kand mä och am Interêt vun der ëffentlecher Gesondheet a justifizéiert sech duerch d’Effikassitéit, d’Sécherheet an d’Qualitéit vun den haitegen Impfstoffer. ____________________________________________________________________________________________ En entrant en crèche, à l'école, en maison relais, en colonie de vacances ou autre collectivité d’enfants, l'enfant entre forcément en contact avec bcp d’autres enfants, ce qui entraine un risque élevé d'attraper une maladie infantile contagieuse. La vaccination permet de diminuer considérablement, voire d'éliminer le risque de contracter ces maladies souvent très contagieuses. La vaccination permet ainsi de protéger l'enfant vacciné, mais aussi de protéger les autres enfants et adultes fragilisés de la collectivité. Ainsi, l'introduction d'une obligation vaccinale pour les enfants en bas âge permet à ces enfants d'éviter la contraction superflue de maladies sérieuses. Ceci permet d’éviter des souffrances inutiles, allant du simple désagrément vers des conséquences plus gravissimes, nécessitant une hospitalisation, voire pouvant entrainer un handicap permanent ou la mort de l'enfant. De même, l'introduction d'une obligation vaccinale pour les enfants en bas âge permet de diminuer le risque d’épidémies à travers d'une couverture vaccinale généralisée. Ceci est d'autant plus important puisque les nourrissons et certains enfants et adultes fragilisés ne peuvent en raison de contre-indications médicales pas être immunisés par le moyen d'une vaccination. L'obligation de vaccination se conçoit non seulement dans l'intérêt supérieur de l'enfant, mais aussi dans l'intérêt de la santé publique, et se justifie en raison de l’efficacité, de la sécurité et de la qualité des vaccins d'aujourd'hui.