Ëffentlech n°1209

Petitionnär/in: Max Bintener

Géint d’Adaptatioun vun de Spritpräisser un d’Ausland ! / Contre l’adaptation des prix des carburants aux prix des pays étrangers !

Zil vun der Petitioun

De Gouvernement huet beschloss iwwert déi nächst Joren d’Spritpräisser aus ökologesche Grënn un d’Ëmland unzegläichen. Des Petitioun soll dem Gouvernement ze denke gi wellech Konsequenzen dat mat sech bréngt an hinne weise datt des Spritpräisserhéigung net am Interêt vun hire Bierger a vum ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

D’Haaptmotivatioune vun deser Petitioun si sozialer an ekonomëscher Natur. Am soziale Beräich gesi mir virun allem déi Bierger mat engem méi niddregen Akommes staark benodeelegt, well dess Klass vu Bierger oft méi op hiren Auto ugewisen ass an aus finanziellen an immbolienpréissleche Grënn ... méi

ofgelaf  17.04.2019
574 /4.500
13%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
06.06.2019

Deklaratioun vun der Cloture

04.06.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1209 ass den 04-06-2019 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: pas de reclassement en pétition ordinaire

03.05.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

30.04.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1209 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 30-04-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 574

30.04.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 574

17.04.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1209 z'ënnerschreiwen ass den 17-04-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 574

06.03.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1209 ka vum 06-03-2019 un ënnerschriwwe ginn

06.03.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

01.03.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1209 gouf den 01-03-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-03-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-04-2019 um 23h59

28.02.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 28-02-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1209 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

04.02.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1209 gouf den 04-02-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Géint d’Adaptatioun vun de Spritpräisser un d’Ausland ! / Contre l’adaptation des prix des carburants aux prix des pays étrangers !

Zil vun der Petitioun: De Gouvernement huet beschloss iwwert déi nächst Joren d’Spritpräisser aus ökologesche Grënn un d’Ëmland unzegläichen. Des Petitioun soll dem Gouvernement ze denke gi wellech Konsequenzen dat mat sech bréngt an hinne weise datt des Spritpräisserhéigung net am Interêt vun hire Bierger a vum Land ass. Vu datt d’Augmentatioun vun de Spritpräisser am Sënn ass, CO2 Bilanz ze verbesseren, soll des Petitioun d’Regierung drop opmierksam maachen, dat Lëtzebuerg doranner ee Spezialfall ass, well d’CO2 Bilanz pro Awunner gerechent ass, an doduerch d’Frontalieren net mat akalkuléiert sinn Si maachen awer ee groussen Deel vun den CO2 Ausstéiss a Lëtzebuerg aus. Sou een extreme Fall gëtt et a kengem anere Land vun der europäescher Unioun an duerfir missten d’Frontalieren zu Lëtzebuerg an Zukunft och mat an d’CO2 Bilanz agerechent ginn.

Le gouvernement luxembourgeois a décidé d’adapter les prix des carburants au cours des années à venir aux prix des pays voisins. Par le moyen de cette pétition, on veut faire réfléchir le gouvernement sur les conséquences de ce projet, en effet une augmentation des produits pétroliers va à l’encontre des intérêts économiques et sociales de notre pays. On sait que l’augmentation des prix pétroliers s’inscrit dans l'amélioration du bilan de CO2, cependant on souhaite rappeler au gouvernement que le Luxembourg est un cas à part dû à ses particularités économiques. Ainsi le calcul du bilan CO2 est effectué en fonction du nombre d’habitants du pays et n'inclut donc pas les frontaliers, ces derniers produisent toutefois une grande partie des émissions de CO2 prisent en compte pour le calcul de ce bilan CO2. Une telle situation ne se retrouve pas ou pas aussi fort dans les autres pays de l’UE, ce qui pose des questions compte à la validité et l’intérêt de ce bilan CO2.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D’Haaptmotivatioune vun deser Petitioun si sozialer an ekonomëscher Natur. Am soziale Beräich gesi mir virun allem déi Bierger mat engem méi niddregen Akommes staark benodeelegt, well dess Klass vu Bierger oft méi op hiren Auto ugewisen ass an aus finanziellen an immbolienpréissleche Grënn oft obligéiert ass méi wäit vun hirer Aarbecht ewech ze wunne wou och oft ëffentlech Transportmëttel keng Alternativ sinn. Léit aus méi akommensstaarke Klassen, si manner benodeelegt vun dëser Mesure, well si sech et leeschte kënnen ee manner wäiten Aarbechtswee ze hunn. Aus dësem Grond ass et méi wichteg, un eis Bevëlkerung ze denken ewéi eng falsch gerechent Statistik ze verbessere wëllen. Aus ekonomëscher Siicht ass et och net wënschenswäert dem Tanktourismus entgéint ze wierken, vu datt un dësem Secteur vill Aarbechtsplazen a Steiergelder hänken, déi soss iergendwou aneschters kompenséiert misste ginn an dem Steierzueler nach méi Käschte géifen abréngen, zousätzlech zu den erhéichte Spritpräisser. Des Mesure kann also als sozial an ekonomësch verwerflech an ökologesch gesi ginn et aner Optiounen déi d‘Bierger manner benodeelegen a méi efficace sinn.

Les principales motivations sont de nature sociale et économique. Sur le plan social, on regrette surtout que les citoyens à faible revenu et les citoyens habitants à la campagne (et donc très dépendant de leur voiture) soient frappés par cette mesure. Ces derniers (souvent pour des raisons financières liés aux prix immobiliers élevés) n’ont souvent pas la chance d’habiter proche de leur lieu de travail et sont d’obligés d’utiliser la voiture afin d’arriver à leur lieu de travail, les transports en communs ne constituant que dans très peu de cas une alternative réelle. Du point de vue économique, il n’est pas compréhensible pourquoi le gouvernement essaye de lutter contre le tourisme pétrolier, car de nombreux emplois et taxes sont dépendants de ce secteur, ce qui devrait être compensé de nouveau par le contribuable. Ainsi, on estime que cette mesure est condamnable sur le plan social ainsi qu’économique et qu’il existe d’autres moyens afin de réduire le bilan CO2 du Luxembourg, qui sont bien plus efficace.