Ëffentlech n°1206

Petitionnär/in: Norbert Schumacher

Krichsgeneratioun, Verléierer an eisem heiten System! Deemools ass de Mann schaffen gaangen, Fra huet de Stot gemaach an no de Kanner an oft de Grousselteren gekuckt. Aarbechtsplazen fir Fraen gouf et net fill, Kitaen inexistent! Haut ginn si all schaffen an sinn domat sozial ofgeséchert

Zil vun der Petitioun

Déi eeler Leit liewen haut zu Zwee mat énger Rent. Mussen si altersbedéngt an d’Altersheem goen geet d’Rent net duer an si gin gezwongen hiert Haus, wat sie meeschtens selwer gebaut hunn, ze verkafen. Et kann een sech virstellen wéi et deenen Leit zumut ass! Wann si dann nach laang genuch ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Wéi uewen beschriwen, deenen betreffenden Leit dee Montant dee feelt aus deem Fong béigin.

ofgelaf  04.04.2019
143 /4.500
3%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
16.05.2019

Deklaratioun vun der Cloture

15.05.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1206 ass den 15-05-2019 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Renonciation au reclassement par le pétitionnaire

03.05.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

30.04.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1206 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 30-04-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 143

30.04.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 83

30.04.2019

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 60

04.04.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1206 z'ënnerschreiwen ass den 04-04-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 83

21.02.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1206 ka vum 21-02-2019 un ënnerschriwwe ginn

19.02.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

14.02.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1206 gouf den 14-02-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 21-02-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 04-04-2019 um 23h59

14.02.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 14-02-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1206 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

01.02.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1206 gouf den 01-02-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Krichsgeneratioun, Verléierer an eisem heiten System! Deemools ass de Mann schaffen gaangen, Fra huet de Stot gemaach an no de Kanner an oft de Grousselteren gekuckt. Aarbechtsplazen fir Fraen gouf et net fill, Kitaen inexistent! Haut ginn si all schaffen an sinn domat sozial ofgeséchert

Zil vun der Petitioun: Déi eeler Leit liewen haut zu Zwee mat énger Rent. Mussen si altersbedéngt an d’Altersheem goen geet d’Rent net duer an si gin gezwongen hiert Haus, wat sie meeschtens selwer gebaut hunn, ze verkafen. Et kann een sech virstellen wéi et deenen Leit zumut ass! Wann si dann nach laang genuch liewen hannerloossen si hiere Kanner nach e Grapp Stëps! Domat gëtt deen vun den Politiker an Wahlversammlungen debattéierten Gruef zwëschen Arem an Räich ëmmer méi grouss! Fir dât ze vermeiden schloen ech der Regierung vir e Fong anzeriichten an bei der Fleegeversécherung unzeglidderen. Mat deem Geld kënnt deenen Leit déi an esou eng Situatioun kommen gehollef ginn an sie kéinten wéi di Räich hiert Haus un hier Kanner weider ginn, eng gutt Geleeënheet fir eng Zwouklassengesellschaft ze vermeiden. Ee Land wou de Staat gratis ëffentlechen Verkéier, Kannerbetreiung, Schoulbicher a.s.w. ubidden kann, do wäert dach nach Geld do sin fir aalen Leit esou éng Stresssituatioun ze erspueren!

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Wéi uewen beschriwen, deenen betreffenden Leit dee Montant dee feelt aus deem Fong béigin.