Ëffentlech n°1194

Petitionnär/in: Michel Hinterscheid

Fir d’Upasse vum generelle Gëltegkeetsdatum (4b) vum Führerschäin un de Gëltegkeetsdatum vun der längster Kategorie Pour l’harmonisation de la date générale de validité des permis de conduire (4b) avec la date de validité de la catégorie la plus longue

Zil vun der Petitioun

Fir d’Upasse vum generelle Gëltegkeetsdatum (4b) vum Führerschäin un de Gëltegkeetsdatum vun der längster Kategorie Pour l’harmonisation de la date générale de validité des permis de conduire (4b) avec la date de validité de la catégorie la plus longue

Motivatioun vun der Petitioun

Et kann net sinn, dass d’Gëltegkeet vum Dokument „Permis de Conduire“ méi fréi ofleeft, wéi déi längst vun sengen ofgedeckte Kategorien. Dëst féiert zu onnëtzer Konfusioun bei de Besëtzer, déi sech drop verloossen, dass hiert Dokument déi selwecht Gëltegkeetsdauer huet, wéi hir gesetzlech ... méi

ofgelaf  04.04.2019
39 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
06.06.2019

Deklaratioun vun der Cloture

04.06.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1194 ass den 04-06-2019 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: pas de reclassement en pétition ordinaire

03.05.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

30.04.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1194 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 30-04-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 39

30.04.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 39

04.04.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1194 z'ënnerschreiwen ass den 04-04-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 39

21.02.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1194 ka vum 21-02-2019 un ënnerschriwwe ginn

19.02.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

14.02.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1194 gouf den 14-02-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 21-02-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 04-04-2019 um 23h59

14.02.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 14-02-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1194 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

25.01.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1194 gouf den 25-01-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir d’Upasse vum generelle Gëltegkeetsdatum (4b) vum Führerschäin un de Gëltegkeetsdatum vun der längster Kategorie

Pour l’harmonisation de la date générale de validité des permis de conduire (4b) avec la date de validité de la catégorie la plus longue

Zil vun der Petitioun: Fir d’Upasse vum generelle Gëltegkeetsdatum (4b) vum Führerschäin un de Gëltegkeetsdatum vun der längster Kategorie

Pour l’harmonisation de la date générale de validité des permis de conduire (4b) avec la date de validité de la catégorie la plus longue

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Et kann net sinn, dass d’Gëltegkeet vum Dokument „Permis de Conduire“ méi fréi ofleeft, wéi déi längst vun sengen ofgedeckte Kategorien. Dëst féiert zu onnëtzer Konfusioun bei de Besëtzer, déi sech drop verloossen, dass hiert Dokument déi selwecht Gëltegkeetsdauer huet, wéi hir gesetzlech zougestanen Erlaabnes fir en Gefier am ëffentleche Stroosseverkéier ze steieren.

Ausserdeem féiert des Begrenzung zu zousätzlecher onnëtzer Aarbecht bei den zoustännegen Institutiounen, déi doduerch mat verfréiten an onnéidegen Erneierungsdemande geplot ginn.

Zousätzlech zum Upassen vum Datum, mussen natierlech all des falsch Dokumenter – op Demande vum Besëtzer – ouni Käschten an ouni neien administrativen Opwand fir déi Betraffen - vun deenen zoustännegen Institutiounen erneiert ginn.

Fir e massiven Aarbechtsopwand ze verhënneren, soll en Derogatiounsreglement, wat europäesch Gëltegkeet huet, erlooss ginn, dat déi aktuell Gëltegkeet vun der längster Kategorie als Gëltegkeetsdatum vun Führerschäindokument unerkennt.

--------------------------------------------------------------------------------------------------------

Il est inconcevable que la date générale de validité du document «Permis de Conduire» soit inférieure à celle de la catégorie couverte la plus longue. Ceci conduit à une confusion inutile des propriétaires, qui croient que leur document a la même durée de validité que l’aptitude de conduire un véhicule dans la circulation routière, qui leur est attestée par la loi.

De plus, cette limitation mène à des travaux supplémentaires inutiles auprès des institutions compétentes, qui de ce fait se verront confrontées à des demandes de renouvelation anticipées et non nécessaires.

En plus de l’harmonisation demandée, les documents existents devront être – sur demande des propriétaires – renouvelées par les institutions compétentes, sans frais et sans autre démarches administratives de la part des personnes concernées.

Afin d’éviter un surplus de travail considérable, il serait utile de promulguer un règlement de dérogation, valable sur le plan Européen, qui reconnaîtrait la date de validité de la catégorie la plus longue comme date de validité du document «permis de conduire».