Ëffentlech n°1181

Petitionnär/in: Tom Kemp

1. Klass Zuchabteiler reservéiere fir Persounen mat reduzéierter Mobilitéit

Zil vun der Petitioun

Am Kader vun der Aféierung vum Gratis ëffentlechen Transport sollen déi 1. Klass Abteiler an den Zich an Zukunft reservéiert sinn fir Persounen mat reduzéierter Mobilitéit.

Motivatioun vun der Petitioun

Duerch de Plang vun der Regierung de Gratis ëffentlechen Transport anzeféieren an duerch déi doraus resultéierend Fro wat mat den Abteiler vun der 1.Klass geschitt sollen des an Zukunft reservéiert si fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit. Bei engem ëffentlechen Transport deen sech zu ... méi

ofgelaf  04.04.2019
47 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
06.06.2019

Deklaratioun vun der Cloture

04.06.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1181 ass den 04-06-2019 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: pas de reclassement en pétition ordinaire

03.05.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

30.04.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1181 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 30-04-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 47

30.04.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 47

04.04.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1181 z'ënnerschreiwen ass den 04-04-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 47

21.02.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1181 ka vum 21-02-2019 un ënnerschriwwe ginn

19.02.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

14.02.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1181 gouf den 14-02-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 21-02-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 04-04-2019 um 23h59

14.02.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 14-02-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1181 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

14.01.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1181 gouf den 14-01-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: 1. Klass Zuchabteiler reservéiere fir Persounen mat reduzéierter Mobilitéit

Zil vun der Petitioun: Am Kader vun der Aféierung vum Gratis ëffentlechen Transport sollen déi 1. Klass Abteiler an den Zich an Zukunft reservéiert sinn fir Persounen mat reduzéierter Mobilitéit.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Duerch de Plang vun der Regierung de Gratis ëffentlechen Transport anzeféieren an duerch déi doraus resultéierend Fro wat mat den Abteiler vun der 1.Klass geschitt sollen des an Zukunft reservéiert si fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit.

Bei engem ëffentlechen Transport deen sech zu 100% aus Steiergelder finanzéiert, gëtt eng 1. Klass net méi gebraucht.

Des Klass ass en Relikt aus fréieren Zäiten déi am 21. Joerhonnert an ëffentleche Verkéiersmëttel keng Dosinnsberechtegung méi huet.

Well des Zuchabteiler awer eben emol existéiere sollen des an Zukunft Persoune mat enger reduzéierter Mobilitéit zu Verfügung stoen déi awer net onbedéngt ob en Rollstull ugewise sinn.

Dëst hätt dëst hätt de Virdeel dat kuerzfristeg an ouni gréisser Käschte mäi Plaze fir déi betraffe Leit zu Verfügung stoe géifen an et wier en weidere Schrëtt bei der Inclusioun.