Ëffentlech n°1175

Petitionnär/in: Marc Gatti

Fir en eenheetlecht Parkreglement op nationalem Plang fir d'Besëtzer vun de sougenannten "Handicap Kaarten" (mobilité réduite)

Zil vun der Petitioun

En eenheetlecht Parkreglement am ganze Land fir d'Besëtzer mat dem Behënnerten Ausweis (mobilité réduite) , vereinfacht mat Secherheet dat ganzt an evitéiert e Koup Onnetz Diskussiounen.   

Motivatioun vun der Petitioun

Persoune mat engem "Handicap" si praktesch verflicht wann se zu Lëtzebuerg ënnerwee sinn am Virfeld sech bei de jeeweilege Gemengeverwaltungen ze informéieren , wat dann d'Reglement an der Gemeng A, B  oder C virgesäit . Do ginn et Gemengen, wou d'Besëtzer vun der "carte à mobilité réduite" ... méi

ofgelaf  06.03.2019
126 /4.500
3%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
03.05.2019

Deklaratioun vun der Cloture

03.05.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1175 ass den 03-05-2019 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: demande de reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

19.03.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

13.03.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1175 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 13-03-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 126

06.03.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1175 z'ënnerschreiwen ass den 06-03-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 126

06.03.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 126

23.01.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1175 ka vum 23-01-2019 un ënnerschriwwe ginn

23.01.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

21.01.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1175 gouf den 21-01-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 23-01-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-03-2019 um 23h59

15.01.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 15-01-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1175 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

08.01.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1175 gouf den 08-01-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir en eenheetlecht Parkreglement op nationalem Plang fir d'Besëtzer vun de sougenannten "Handicap Kaarten" (mobilité réduite)

Zil vun der Petitioun: En eenheetlecht Parkreglement am ganze Land fir d'Besëtzer mat dem Behënnerten Ausweis (mobilité réduite) , vereinfacht mat Secherheet dat ganzt an evitéiert e Koup Onnetz Diskussiounen.   

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Persoune mat engem "Handicap" si praktesch verflicht wann se zu Lëtzebuerg ënnerwee sinn am Virfeld sech bei de jeeweilege Gemengeverwaltungen ze informéieren , wat dann d'Reglement an der Gemeng A, B  oder C virgesäit . Do ginn et Gemengen, wou d'Besëtzer vun der "carte à mobilité réduite" just brauch seng Parkscheif mat an d'Fënster ze leeën , da ginn et och Gemenge wou net brauch bezuelt ze ginn, an anerer nees muss iwwerall bezuelt ginn. Donieft ginn et dann och Gemenge wou just op de speziell ausgewisene Parkplaze muss bezuelt ginn (well do och direkt en Horodateur dobäi ass), an op de normale Parkplaze laanscht Strooss brauch e Besëtzer mat dem Behënnerten Ausweis näischt ze bezuelen. An weidere Gemenge besteet iwwerhaapt kee speziellt Reglement, do léit dat ganzt beim Ermiesse vun den zoustännegen Agenten... Wou soll do e normale Bierger nach en Duerchbléck hunn