Ëffentlech n°1093

Petitionnär/in: Pascal Kemp

Fir een Déierenasyl am Norde vum Land

Zil vun der Petitioun

De But vun de Petitioun ass fir ee Déierenasyl an de Norde vum Land ze kréien, och fir Transportweeër vu fonnten Déieren ze minimiséieren, an déi aner Asyler ze entlaaschten. Virun allem ass d‘Police am Norden ëmmer gezwonge op Gaasperech ze fueren. An Touristen loossen munchmol Hënn op den ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Den'intérêt général läit doranner fir Déierenasyler vum Süden a Gaasperech ze entlaaschten, och eng Infrastruktur am Norden ze hunn wou Déiere kënnen an enger Noutsituatioun Ënnerdaach bruecht gi. Déierenasyler sinn iwwerfëllt, ee weidert Déierenasyl wier sënnvoll an et wier och un der Zäit ... méi

ofgelaf  30.10.2018
958 /4.500
21%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
27.02.2019

Deklaratioun vun der Cloture

14.02.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1093 ass den 14-02-2019 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande de reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

09.01.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

13.12.2018

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 803

13.12.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1093 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 13-12-2018 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 958

13.12.2018

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 155

31.10.2018

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1093 z'ënnerschreiwen ass den 31-10-2018 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 803

18.09.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1093 ka vum 18-09-2018 un ënnerschriwwe ginn

17.09.2018

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

12.09.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1093 gouf den 12-09-2018 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-09-2018 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-10-2018 um 23h59

12.09.2018

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 12-09-2018 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1093 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

06.09.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1093 gouf den 06-09-2018 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir een Déierenasyl am Norde vum Land

Zil vun der Petitioun: De But vun de Petitioun ass fir ee Déierenasyl an de Norde vum Land ze kréien, och fir Transportweeër vu fonnten Déieren ze minimiséieren, an déi aner Asyler ze entlaaschten. Virun allem ass d‘Police am Norden ëmmer gezwonge op Gaasperech ze fueren. An Touristen loossen munchmol Hënn op den Campinger zeréck.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Den'intérêt général läit doranner fir Déierenasyler vum Süden a Gaasperech ze entlaaschten, och eng Infrastruktur am Norden ze hunn wou Déiere kënnen an enger Noutsituatioun Ënnerdaach bruecht gi.

Déierenasyler sinn iwwerfëllt, ee weidert Déierenasyl wier sënnvoll an et wier och un der Zäit sou eng Infrastruktur an de Norde ze kréie.