Ëffentlech n°1066

Petitionnär/in: Roland Hirsch

Ofschafe vu Flichtdeeler bei Ierwschaften, egal a wat fir enger Form

Zil vun der Petitioun

Kanner an Familljememberen, déi sech zu Liefzäiten ni ëm ee gekëmmert hunn, an vun denen een nie respektéiert ginn ass, sollen net nach zousätzlech belount ginn, mat engem Flichtdeel, deen hinne gesetzlech zousteet, obschonn dat net dem Verstuerwene säi leschte Wëlle war.

Motivatioun vun der Petitioun

All Bierger dee säI ganzt Liewe fir säi Verméige geschafft huet, soll eleng enstcheede kënnen, wem hie wat a wéivill , ob Persoun oder Organisatiounen, verierwen wëll, ouni Bevormundung vum Gesetzgeber, soss gëtt eleng d'Bezeechnung "mäi leschte Wëllen" , zur Farce. Zur Demokratie gehéiert ... méi

ofgelaf  04.09.2018
208 /4.500
5%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
24.10.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1066 ass den 24-10-2018 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Pas de poursuite de l'instruction

18.09.2018

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

12.09.2018

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 208

12.09.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1066 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 12-09-2018 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 208

05.09.2018

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1066 z'ënnerschreiwen ass den 05-09-2018 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 208

24.07.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1066 ka vum 24-07-2018 un ënnerschriwwe ginn

24.07.2018

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

19.07.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1066 gouf den 19-07-2018 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-07-2018 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 04-09-2018 um 23h59

12.07.2018

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 12-07-2018 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1066 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

29.06.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1066 gouf den 29-06-2018 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Ofschafe vu Flichtdeeler bei Ierwschaften, egal a wat fir enger Form

 

 

Zil vun der Petitioun: Kanner an Familljememberen, déi sech zu Liefzäiten ni ëm ee gekëmmert hunn, an vun denen een nie respektéiert ginn ass, sollen net nach zousätzlech belount ginn, mat engem Flichtdeel, deen hinne gesetzlech zousteet, obschonn dat net dem Verstuerwene säi leschte Wëlle war.

 

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: All Bierger dee säI ganzt Liewe fir säi Verméige geschafft huet, soll eleng enstcheede kënnen, wem hie wat a wéivill , ob Persoun oder Organisatiounen, verierwen wëll, ouni Bevormundung vum Gesetzgeber, soss gëtt eleng d'Bezeechnung "mäi leschte Wëllen" , zur Farce. Zur Demokratie gehéiert net nëmme Ménungsfräiheet zu Liewzäiten, mee och eng real Entscheedungsfräiheet, wat nom Dout mat engem senge perséinleche Saache geschitt. Kee soll vum Gesetz gezwonge ginn eppes ze verierwen, géint den ausdréckleche Wonsch vum Verstuerwenen.