Fir eng kloer a gutt siichtbar Kennzeechnung vun der Präsenz vun Alkohol an de Liewensmëttel - D’Petitiounen
Fir eng kloer a gutt siichtbar Kennzeechnung vun der Präsenz vun Alkohol an de Liewensmëttel
Ëffentlech Petitioun Nr.4040
Petitionär: Gilles Alain Stumm
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Zil vun der Petitioun
Zu Lëtzebuerg gëtt et e reelle Problem mam Alkohol, deen net genuch eescht geholl gëtt. Vill Leit hunn opgehalen Alkohol ze drénken, aner Leit wëllen aus perséinlechen, gesondheetlechen oder anere Grënn keen Alkohol konsuméieren. Trotzdem geschitt et nach ze dacks, datt Leit ouni et ze wëssen Alkohol konsuméieren, well seng Präsenz an de Liewensmëttel net kloer uginn ass. Zum Beispill, wann een eng Galette des rois beim Bäcker keeft, ass meeschtens net uginn, datt se Alkohol enthält. An de Supermarchéë kann een en Tiramisu kafen, wou ,,Kaffissooss" drop steet, an eréischt nodeems een et giess huet, entdeckt een an der Zutatenlëscht, datt Alkohol dran ass. Och op de Chrëschtmäert enthalen e puer Platen, wéi zum Beispill Keissfondue, Alkohol, ouni datt dëst kloer oder gutt siichtbar ugewisen ass. Et ass onbedéngt néideg, datt d'Präsenz vun Alkohol an de Liewensmëttel ganz kloer, siichtbar an explizit uginn gëtt, sief et an de Bäckereien, Supermarchéën, op de Mäert oder an de Restauranten. Stellt Iech eng Persoun vir, déi opgehalen huet Alkohol ze drénken. Si ësst eng Galette des rois an der Iwwerzeegung, datt keen Alkohol dran ass, a konsuméiert domat trotzdeem Alkohol. Dat kann de Goût fir Alkohol nees erwächen an de ganze Wee an d'Efforte vun där Persoun a Gefor bréngen. Dës Petitioun huet als Zil, méi Transparenz, Respekt a Verantwortung ze verlaangen.
Motivatioun vun der Petitioun
Dës Petitioun ass motivéiert duerch de Feststellung, datt d'Präsenz vun Alkohol an de Liewensmëttel zu Lëtzebuerg net genuch eescht geholl gëtt. Vill alldeeglech Produkter enthalen Alkohol, ouni datt dëst kloer oder gutt siichtbar uginn ass, wat d'Konsumente ka féieren an d'Irre. Dës Situatioun betrëfft besonnesch Persounen, déi opgehalen hunn Alkohol ze konsuméieren, déi bewosst entscheeden keen Alkohol ze drénken, souwéi Elteren, déi hir Kanner wëlle schützen. De Manktem u Transparenz kann dozou féieren, datt Alkohol ongewollt konsuméiert gëtt an doduerch verschidde Persounen a Schwieregkeete geroden. Eng kloer, siichtbar an explizit Informatioun ass essentiell, fir datt jidderee seng Entscheedunge bewosst an respektéiert treffe kann. Dës Petitioun huet dofir als Zil, Transparenz, Verantwortung an de Respekt vun de perséinleche Choixe vun de Konsumente ze fërderen.
Wichteg Informatiounen
Sammele vun Ënnerschrëften
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
03/04/2026
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
16/04/2026
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
16/04/2026
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 4040 ka vum 16-04-2026 un ënnerschriwwe ginn
15/04/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 4040 gouf den 15-04-2026 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 16-04-2026 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 27-05-2026 um 23h59
D’Sammele vun Ënnerschrëfte leeft
De Seuil vu 5500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt
Gespäichert Ënnerschrëften
27 / 5 500