Eng Petitioun areechen

Introduktioun

Eng Petitioun ass en Uleies, dat un d’Chamber geriicht ass. All Persoun, déi am Nationalen Regëster vu physesche Persounen (RNPP) erfaasst ass an op d'mannst 15 Joer huet, kann eng Petitioun areechen. Et gëtt zwou Zorte vun Petitiounen: déi ëffentlech Petitiounen an déi einfach Petitiounen.

Sprooch vun de Petitiounen

D’Petitioun muss an enger vun den 3 Amtssprooche verfaasst ginn: op Lëtzebuergesch, op Franséisch oder op Däitsch.

Et ass méiglech, Iwwersetzunge bäi ze setzen.

Wéi reecht een eng Petitioun an?

Online Versioun

Dir braucht en Accès op den eAccess, fir Är Petitioun kënnen elektronesch anzereechen.

eAccess
LuxTrust

Sech iwwer e LuxTrust Produkt (Kaart, Signing Stick) oder eng eID-Kaart verbannen

GouvID

Iwwer e mobillen Apparat an iwwer d’App GouvID verbannen

eIDAS

Mat der digitaler Identitéit vun engem aneren europäesche Land verbannen

Pabeier Versioun

Wann Dir keen Outil hutt, fir den eAccess ze benotzen, kënnt Dir Äre Formulaire mat enger beglaubegter Ënnerschrëft per Post schécken oder perséinlech an der Chamber ofginn. Fir dëst ze maachen, musst Dir Är Identitéitskaart matbréngen an tëscht 9.00 an 17.00 Auer vu Méindes bis Freides an der Receptioun vun der Chamber (ausser Feierdeeg) passéieren. Ausserhalb vun dësen Stonnen ass et néideg, e Rendezvous ze fixéieren.

Fëllt heifir de richtege Formulaire aus:

Lëscht vun ëffentleche Schreifdéngschter