Fir eng kloer a gutt siichtbar Kennzeechnung vun der Präsenz vun Alkohol an de Liewensmëttel - D’Petitiounen
Fir eng kloer a gutt siichtbar Kennzeechnung vun der Präsenz vun Alkohol an de Liewensmëttel
Einfach Petitioun Nr.4040
Petitionär: Gilles Alain Stumm
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Text vun der Petitioun
Zu Lëtzebuerg gëtt et e reelle Problem mam Alkohol, deen net genuch eescht geholl gëtt. Vill Leit hunn opgehalen Alkohol ze drénken, aner Leit wëllen aus perséinlechen, gesondheetlechen oder anere Grënn keen Alkohol konsuméieren. Trotzdem geschitt et nach ze dacks, datt Leit ouni et ze wëssen Alkohol konsuméieren, well seng Präsenz an de Liewensmëttel net kloer uginn ass. Zum Beispill, wann een eng Galette des rois beim Bäcker keeft, ass meeschtens net uginn, datt se Alkohol enthält. An de Supermarchéë kann een en Tiramisu kafen, wou ,,Kaffissooss" drop steet, an eréischt nodeems een et giess huet, entdeckt een an der Zutatenlëscht, datt Alkohol dran ass. Och op de Chrëschtmäert enthalen e puer Platen, wéi zum Beispill Keissfondue, Alkohol, ouni datt dëst kloer oder gutt siichtbar ugewisen ass. Et ass onbedéngt néideg, datt d'Präsenz vun Alkohol an de Liewensmëttel ganz kloer, siichtbar an explizit uginn gëtt, sief et an de Bäckereien, Supermarchéën, op de Mäert oder an de Restauranten. Stellt Iech eng Persoun vir, déi opgehalen huet Alkohol ze drénken. Si ësst eng Galette des rois an der Iwwerzeegung, datt keen Alkohol dran ass, a konsuméiert domat trotzdeem Alkohol. Dat kann de Goût fir Alkohol nees erwächen an de ganze Wee an d'Efforte vun där Persoun a Gefor bréngen. Dës Petitioun huet als Zil, méi Transparenz, Respekt a Verantwortung ze verlaangen.
Wichteg Informatiounen
An der Veraarbechtung
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
24/06/2026
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
25/06/2026
Eng Stellungsnam ass den 25-06-2026 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 4040 ugefrot ginn
Minister(en): Madame Martine Hansen, Ministre de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture
24/06/2026
Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 4040, déi de Seuil vun 5.500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 24-06-2026
Link op déi ëffentlech Petitioun Nr. 4040