Dateschutz - D’Petitiounen
Informatiounsnott iwwert de Schutz vu perséinlechen Donnéeën*
D’Zil vun dëser Nott ass et, Iech ze informéieren, wéi d’Chamber, déi fir d’Veraarbechtung verantwortlech ass, Är perséinlech Donnéeën, déi Dir hir kommunizéiert, benotzt a geréiert.
D’Chamber engagéiert sech, d’Privatsphär vu jidderengem ze schützen, mat deem se a Kontakt kënnt.
D’Chamber engagéiert sech deemno, d’Reglementatioun iwwert de Schutz vu perséinlechen Donnéeën, déi a Kraaft ass, ze respektéieren.
Responsabel fir den Traitement
Chambre des Députés, 23, rue du Marché-aux-Herbes, L-1728 Luxembourg, Grand-Duché de Luxembourg
Delegéierte fir den Dateschutz („DPO“)
Georges Wantz fir d’Societéit mat limitéierter Responsabilitéit Deloitte Tax & Consulting,
20, Boulevard de Kockelscheuer, L-1821 Luxembourg
Wéi eng perséinlech Donnéeë ginn traitéiert?
Am Kader vum Traitement vu Petitioune kënnen déi follgend perséinlech Donnéeë vun der Chamber erfaasst an traitéiert ginn:
- Numm, Virnumm, Adress;
- Gebuertsuert a Gebuertsdatum;
- Matricule;
- E-Mail-Adress, Telefonsnummer;
- handgeschriwwen Ënnerschrëft (nëmmen a Pabeierform).
Am Kader vun der Ënnerschrëft vun enger ëffentlecher Petitioun kënnen déi follgend perséinlech Donnéeë vun der Chamber erfaasst an traitéiert ginn:
- Numm, Virnumm, Adress;
- Matricule;
- E-Mail-Adress;
- handgeschriwwen Ënnerschrëft (nëmmen a Pabeierform).
D’Chamber traitéiert keng sensibel Donnéeën iwwert hire Site. Dofir freet d’Chamber Iech, keng esou Donnéeën iwwert hiren Internetsite weiderzeginn, mee si direkt ze kontaktéieren.
Firwat traitéiere mir Är Donnéeën?
Mir traitéieren Är perséinlech Donnéeën, fir:
- Iech op Är Ufroe fir Renseignementer kënnen ze äntweren;
- d’Petitioun, déi Dir deposéiert hutt, ze traitéieren an hir Gëltegkeet ze iwwerpréiwen;
- Är Ënnerschrëft vun enger ëffentlecher Petitioun ze traitéieren an hir Gëltegkeet ze iwwerpréiwen.
Dës Traitementer si méiglech, well Dir eis entweeder Ären Accord ginn hutt, dat heescht, Dir hutt d’Chamber gefrot, Iech ze kontaktéieren oder Iech Informatiounen ze schécken, oder well dës Traitementer sech an d’Missioun vum generellen Interessi vun der Chamber aschreiwen.
Wéi laang ginn Är Donnéeë gehalen?
Wat perséinlech Donnéeë betreffend Är Ufro fir Informatiounen ugeet, ginn Är Donnéeën a Kontakt-E-Maile gehalen a bannent dräi Méint nom Enn vun der Veraarbechtung vun Ärer Ufro geläscht.
Wat d’perséinlech Donnéeë betreffend d’Petitiounsufro ugeet, déi Dir ofginn hutt, ginn Är Donnéeë fir dräi Joer gehalen. Ee Joer nodeems d’Petitioun zou ass, kënnt Dir d’Anonymiséierung vun Ärer Petitioun ufroen. Wann d’Petitiounsufro a Pabeierversioun deposéiert gouf, gëtt se fir Archivzwecker gehalen.
Wat perséinlech Donnéeë betreffend d’Ënnerschreiwe vun enger ëffentlecher Petitioun ugeet, ginn Är Donnéeë gehalen, bis d’Gëltegkeet vun der Ënnerschrëft iwwerpréift gëtt, dëst bannent 30 Deeg nom Oflaf vun der Frist fir d’Ënnerschreiwe vun der Petitioun.
Wuer ginn Är perséinlech Donnéeën iwwermëttelt?
Är perséinlech Donnéeë ginn un de Centre des technologies de l’information de l’État (CTIE) weidergeleet, fir Är Inscriptioun am Nationale Regëster vun de physesche Persounen (RNPP) ze iwwerpréiwen.
Et gi keng perséinlech Donnéeën ausserhalb vun der Europäescher Unioun transferéiert.
Wat sinn Är Rechter?
All Persoun, där hir perséinlech Donnéeën duerch d’Chamber traitéiert ginn, huet d’Rechter, déi hei ënnendrënner opgezielt sinn.
D’Chamber kann Är Demande refuséieren, wann se net den Ufuerderunge vum Gesetz entsprécht.
- Recht op den Accès op Är perséinlech Donnéeën: Dir kënnt eng Confirmatioun kréien, datt mir Är Donnéeën traitéieren, souwéi eng Kopie vun deenen Donnéeën verlaangen.
- Recht op Rektifikatioun: Dir kënnt eng Rektifikatioun vun Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann dës falsch oder net komplett sinn.
- Recht, Är Donnéeën ze läschen: Dir kënnt froen, dass Är perséinlech Donnéeë geläscht ginn.
- Recht op e limitéierten Traitement: Dir kënnt eng Demande maachen, datt d’Chamber verschidden Traitementer just begrenzt dierf maachen.
- Recht, sech géint en Traitement ze wieren: Dir kënnt Iech zu all Moment géint en Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeë wieren.
- Recht op Dateniwwerdrobarkeet: Dëst Recht applizéiert sech net op en Traitement, dee fir eng Missioun am ëffentlechen Interessi noutwenneg ass oder dee sech op den Exercice vun enger ëffentlecher Autoritéit bezitt, déi der Chamber iwwerdroe gouf.
- Recht, Ären Accord zeréckzezéien: Dir kënnt zu all Moment den Accord zeréckzéien, op deem den Traitement berout.
- Recht, eng Reklamatioun eranzeginn: Dir kënnt eng Reklamatioun bei der Kontrollautoritéit, der Nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD), eraginn, wann Dir dat fir noutwenneg haalt.
Fir Är Rechter auszeüben, gitt eis wgl. déi follgend Informatiounen:
- Numm, Virnumm;
- E-Mail- oder Postadress.
Am Fall, wou et en Doute iwwert d’Identitéit vun der Persoun gëtt, déi eng Demande stellt, kann d’Chamber weider zousätzlech Informatioune froen, fir d’Identitéit ze confirméieren, zum Beispill eng Kopie vun der Identitéitskaart.
Schéckt eis dës Informatioune per ageschriwwene Bréif un déi follgend Adress:
Chambre des Députés
Un den Delegéierte vum Dateschutz
23, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg
SSchéckt eis wgl. keng Pièce d’identité iwwer E-Mail.
Wéi ginn Är Donnéeë geschützt?
D’Chamber engagéiert sech dozou, technesch an organisatoresch Sécherheetsmoossnamen opzesetzen, fir Är perséinlech Donnéeën ze schützen.
Fir déi sécher Erfaassung vun Äre perséinlechen Donnéeën iwwert den Internetsite ze garantéieren, gëtt um Site d’SSL-Verschlësselungstechnologie genotzt, fir eis Är Donnéeën ze schécken.
Kontakt
Fir eis ze kontaktéieren:
- per E-Mail:
DPO@chd.lu - iwwer Telefon: (+352) 466 966-385
- per Post:
Chambre des Députés
Un den Delegéierte vum Dateschutz
23, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg
*D’Originalversioun op Franséisch ass rechtswierksam.