Zesumme méi staark: Fir d'Aaféierung vun enger Fräiwëllege-Reserve zu Lëtzebuerg

Ëffentlech Petitioun Nr.3773

Petitionär: David Storck

Objet vun der Petitioun

Dës Petition huet den Zil, d'Regierung an d'Chamber dozou ze bréngen, e gesetzleche Kader fir eng fräiwëlleg militäresch Reserve zu Lëtzebuerg ze schafen. D'Reserve soll: • Fräiwëllegen d'Méiglechkeet ginn, nieft Beruff a Studium aktiv fir d'Land ze déngen. • All Räng abdecken - vum Zaldot bis bei den Offizéier. • Eng Grondausbildung an jäerlech Übunge virgesinn. • Net nëmme militäresch Asätz stäerken, mee och bei Katastropheschutz, Cyberverdeedegung an humanitäre Missiounen hëllefen. D'Modeller aus Däitschland, Frankräich an der Belsch kënnen als Virbild déngen, mee d'System soll u Lëtzebuerg ugepasst ginn.

Motivatioun vun der Petitioun

Mat enger Fräiwëllege-Reserve weist Lëtzebuerg, datt et seng Verantwortung eescht hëlt - net nëmme vis-à-vis vun NATO an EU, mee virun allem vis-à-vis vun der eegener Bevëlkerung. Eng Reserve géif: • Sécherheet erhéijen andeems si d'Beruffsarméi entlaascht an am Noutfall séier reagéiert. • Zesummenhalt stäerken, well Biergerinnen a Bierger d'Méiglechkeet kréien, aktiv fir hire Staat anzestoen. • Wäerter vermëttelen wéi Disziplin, Teamgeescht a Solidaritéit, déi zréck an d'Gesellschaft droe ginn.

Sammlung vun de registréierten Ënnerschrëften

No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 97 vun den Ënnerschrëfte valabel.

Validéiert Ënnerschrëften

97 / 5 500

Petitioun deelen

Wichteg Informatiounen

Reklassement an eng einfach Petitioun

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

19/08/2025

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

18/09/2025

Zousätzlech Informatiounen