Zesumme méi staark: Fir d'Aaféierung vun enger Fräiwëllege-Reserve zu Lëtzebuerg - D’Petitiounen
Zesumme méi staark: Fir d'Aaféierung vun enger Fräiwëllege-Reserve zu Lëtzebuerg
Einfach Petitioun Nr.3773
Petitionär: David Storck
Text vun der Petitioun
Dës Petition huet den Zil, d'Regierung an d'Chamber dozou ze bréngen, e gesetzleche Kader fir eng fräiwëlleg militäresch Reserve zu Lëtzebuerg ze schafen. D'Reserve soll: • Fräiwëllegen d'Méiglechkeet ginn, nieft Beruff a Studium aktiv fir d'Land ze déngen. • All Räng abdecken - vum Zaldot bis bei den Offizéier. • Eng Grondausbildung an jäerlech Übunge virgesinn. • Net nëmme militäresch Asätz stäerken, mee och bei Katastropheschutz, Cyberverdeedegung an humanitäre Missiounen hëllefen. D'Modeller aus Däitschland, Frankräich an der Belsch kënnen als Virbild déngen, mee d'System soll u Lëtzebuerg ugepasst ginn.
Wichteg Informatiounen
Recevabel
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
26/11/2025
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
05/02/2026
Transmission de la prise de position gouvernementale au pétitionnaire
29/01/2026
Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 3773 ass disponibel, den 29-01-2026
Minister(en): Madame Yuriko Backes, Ministre de la Défense
Prise de position gouvernementale
28/11/2025
Eng Stellungsnam ass den 28-11-2025 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 3773 ugefrot ginn
26/11/2025
Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 3773, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 26-11-2025