Öffentliche n°2623

Petitionär/in: Gérard Koneczny

En eventuellen Iwwerschoss vum Budget 2023 a Bau Moosnamen fir de Logement investéieren an net a Steier Moossnamen déi just kuerzfristeg géifen wierken.

Ziel der Petition

Et ass schonns verwonnerlech dass ons Regierung esou kuerz virun de Walen feststellt dass se 500.000.000€ am Budget méi huet wéi geplangt, an déi elo dem Steierzueler iwwert verschidde Mossnamen wéi zum Beispill e “Crédit Impôt” erëm wëll ginn. Esou Mossnamen hu leider viru Walen e “battere ... mehr

Beweggründe für die Petition

Déi Leit, déi mam Mindestloun oder e bëssi driwwer musse liewen, egal ob et de kalifzéierten ass oder net hu Problemer "dezent" ze liewen wann se e Loyer vun bis 1.800€ missten bezuelen. D’Moyenne vun engem Loyer am Land läit 2022 bei 1479€; dêst laut «Observatoir de l’Habitat.» Ronderëm ... mehr

abgelaufen  24.04.2023
12 /4.500
0%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
28.06.2023

Beendigungsbescheid

26.06.2023

Die öffentliche Petition Nr. 2623 wurde am 26-06-2023 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Suite au souhait du pétitionnaire en faveur d'une clôture de sa pétition publique

10.05.2023

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

10.05.2023

Die öffentliche Petition Nr. 2623 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 10-05-2023 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 12

10.05.2023

Gültige Online-Unterschriften: 12

25.04.2023

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 2623 ist am 25-04-2023 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 12

14.03.2023

Die öffentliche Petition Nr. 2623 kann ab dem 14-03-2023 unterschrieben werden

13.03.2023

Zulässigkeitsbescheid

13.03.2023

Die öffentliche Petition Nr. 2623 wurde am 13-03-2023 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 14-03-2023 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 24-04-2023 um 23:59

10.03.2023

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 10-03-2023 betreffend die Petition Nr. 2623 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

31.01.2023

Die öffentliche Petition Nr. 2623 wurde am 31-01-2023 eingereicht.

Titel der Petition: En eventuellen Iwwerschoss vum Budget 2023 a Bau Moosnamen fir de Logement investéieren an net a Steier Moossnamen déi just kuerzfristeg géifen wierken.

Ziel der Petition: Et ass schonns verwonnerlech dass ons Regierung esou kuerz virun de Walen feststellt dass se 500.000.000€ am Budget méi huet wéi geplangt, an déi elo dem Steierzueler iwwert verschidde Mossnamen wéi zum Beispill e “Crédit Impôt” erëm wëll ginn. Esou Mossnamen hu leider viru Walen e “battere Bäigeschmaach”.

 

Et wier méi sënnvoll déi Suen a BauMossnamen ze investéieren. Mat 500.000.000€ kéint de Staat an den nächsten 2 Joer uechter d'Land op Gemengen- an / oder StaatsTerrain Logementer bauen fir déi aktuell Logementskriis lues a lues an de Grëff ze kréien. Mat deenen Suen kéint een an d'Zukunft investéieren, eng Zukunft fir ons Kanner.

Wëll jo keen Bauterrain muss bezuelt ginn, wier et méiglech e soziale Loyer ze froen. Hien misst sech nom Verdéngscht riichten. En Deel vun deenen Haiser kéint och am Sënn vu Fraen-Haiser oder anere sozialen Ariichtunge gebaut ginn. Dëst wier e weidere Schrëtt an eng sozial Richtung.

 

Déi Haiser / Appartementer sollen a staatlecher Hand bleiwen an d’Gemenge sollen déi zesumme verwalten. Domat géif de Staat an Zukunft investéieren, wëll doduerch Loyer erakënnt mat deem weider Haiser / Appartementer kënne gebaut ginn.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Déi Leit, déi mam Mindestloun oder e bëssi driwwer musse liewen, egal ob et de kalifzéierten ass oder net hu Problemer "dezent" ze liewen wann se e Loyer vun bis 1.800€ missten bezuelen.

D’Moyenne vun engem Loyer am Land läit 2022 bei 1479€; dêst laut «Observatoir de l’Habitat.» Ronderëm d’Stad kann en och schonns mol bis op 1.800€ eropgoen.

Daat si ganz vill Suen fir een deen just de Mindestloun oder e bëssi driwwer verdéngt. Do muss all Mount de „leschten €“ 3 mol ëmgedréit ginn. Fir Familljen mat vill Kanner ass et esouguer esou schwéier eng Wunneng ze fannen esou dass se dacks an d’Ausland wunne ginn.

 

Déi Suen déi eng „Mëttelschicht» ab engem gewësse Revenue iwwert Steier Mesuren zeréck géif kréien brauch déi Suen net. Fir déi aus der Mëttelschicht, déi ënnert esou engem Revenue léien bréngen déi Mesuren net vill. Vun deene Léit déi mol net zur Mëttelschicht gehéieren kënne mir mol net schwätzen. Eng Definitioun vun enger « Mëttelschicht » gëtt et leider net ; déi eng mengen mat 100.000€ wier een nach dobäi, déi aner soen dass e mat 50.000€ schonns net méi dozou gehéiert.

 

Dofir, de SteierIwwerschoss vun 2023 soll an Bau Moossnamen investéiert ginn. Duerch esou Bau Mossnahmen géif den Drock um LokatiounsMarchée méi kleng. esou dat do d'Loyer’en och kéinten erof goen. De Bausecteur géif ganz vill dovun profitéieren.

Mat ( engem Deel vun ) de Suen aus deem Loyer kann een weider an Haiser / Appartementer investéieren.

An engem Staat dat sech dat Wuert “sozial” op de “Fändel” geschriwwen huet muss eng “Mëtteschicht” sech och mol solidaresch weisen mat de sozial Schwaachen an op eppes verzichten.