Öffentliche n°1844

Petitionär/in: Gabrielle Koeune

De Stat soll der Croix Rouge d'Biirtrenger Schlass oder eng anert geegent Baulechkeet ofkafen an doraus dräi Beräicher schafen: 1) en Erhuelungsheem fir elengerzéiend Elterendeler a Mammen, 2) e Wunnberäich mat klenge Wunnengen fir Familles monoparentales zu genschtege Loyeren an 3) eng Crêche mat Maison Relais, fir den Elengerzéienden d'Méiglechket ze gin, schaffen ze goen an fräi Zäitreim ze hun

Ziel der Petition

Zil ass, di Elengerzéiend an d'Mammen ze entlaaschten. Béid mussen an dene meeschte Fäll den Haushalt an d'Kannererzéiung quasi eleng schaffen. Dat ass eng enorm Belaaschtung, déi an eiser Gesellschaft aktuell weder bezuelt nach honoréiert get. An den Zäite vu Covid-19 huet des Situatioun ... mehr

Beweggründe für die Petition

E Land ass net nemmen eng Economie, Geld a Betriiber; e Land, dat ass virun allem seng Bevölkerung. Déi MENSCHEN, déi an dem Land liewen. D'Basis dovun sin di vill Mammen an elengerzéiend Elterendeler, déi meeschtens op hir egen Wensch verzichten, fir datt et (op mannst) de Kanner gutt ... mehr

abgelaufen  13.05.2021
11 /4.500
0%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
19.07.2021

Beendigungsbescheid

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
07.07.2021

Die öffentliche Petition Nr. 1844 wurde am 07-07-2021 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

03.06.2021

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

02.06.2021

Die öffentliche Petition Nr. 1844 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 02-06-2021 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 11

02.06.2021

Gültige Online-Unterschriften: 11

14.05.2021

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1844 ist am 14-05-2021 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 11

02.04.2021

Die öffentliche Petition Nr. 1844 kann ab dem 02-04-2021 unterschrieben werden

02.04.2021

Zulässigkeitsbescheid

01.04.2021

Die öffentliche Petition Nr. 1844 wurde am 01-04-2021 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 02-04-2021 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 13-05-2021 um 23:59

31.03.2021

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 31-03-2021 betreffend die Petition Nr. 1844 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

18.03.2021

Die öffentliche Petition Nr. 1844 wurde am 18-03-2021 eingereicht.

Titel der Petition: De Stat soll der Croix Rouge d'Biirtrenger Schlass oder eng anert geegent Baulechkeet ofkafen an doraus dräi Beräicher schafen: 1) en Erhuelungsheem fir elengerzéiend Elterendeler a Mammen, 2) e Wunnberäich mat klenge Wunnengen fir Familles monoparentales zu genschtege Loyeren an 3) eng Crêche mat Maison Relais, fir den Elengerzéienden d'Méiglechket ze gin, schaffen ze goen an fräi Zäitreim ze hun

 

Ziel der Petition: Zil ass, di Elengerzéiend an d'Mammen ze entlaaschten. Béid mussen an dene meeschte Fäll den Haushalt an d'Kannererzéiung quasi eleng schaffen. Dat ass eng enorm Belaaschtung, déi an eiser Gesellschaft aktuell weder bezuelt nach honoréiert get. An den Zäite vu Covid-19 huet des Situatioun sech nach verschärft. Wat di Elengerzéiend (familles monoparentales) betrefft, sou liewen si oft un der Aarmutsgrenz, hun opgrond vun de Kanner (Betreiung, Krankhet vun de Kanner) um Aarbechtsmaart manner gudd Chancen a stellen sech selwer an hir Gesondhet ganz un de Schluss. Och hir Chancen, eng passabel a bezuelbar Wunneng ze fannen sin net esou grouss. Doniewent hun d'Kanner net d'Méiglechket, ze spillen an Natur ze genéissen. Dofir wier de Park, dee ronderem d'Schlass ass, optimal a Gesellschaft hätten se och, sou datt se Sozialkompetenze léieren.

D'Croix Rouge kéint mat dem Geld aus dem Verkaf aner Projeten an d'Liewe ruffen oder ausbauen.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: E Land ass net nemmen eng Economie, Geld a Betriiber; e Land, dat ass virun allem seng Bevölkerung. Déi MENSCHEN, déi an dem Land liewen.

 

D'Basis dovun sin di vill Mammen an elengerzéiend Elterendeler, déi meeschtens op hir egen Wensch verzichten, fir datt et (op mannst) de Kanner gutt get.

 

Leider get dat aktuell weder finanziell nach soss wéi honoréiert an oft féiert hir multipel Belaaschtung dozou, datt hir Gesondhet drenner leid a si weder Geld nach Zäit fir sech selwer an Sozialkontakter hun. Besonnesch d'Familles monoparentales sin an enger ganz erausfuerdernder Situatioun, an dat op villen Niveauen.

 

Letzebuerg ass e räicht Land a soll seng sozial Verantwortung iwwerhuelen.