Public n°1844

Petitioner: Gabrielle Koeune

De Stat soll der Croix Rouge d'Biirtrenger Schlass oder eng anert geegent Baulechkeet ofkafen an doraus dräi Beräicher schafen: 1) en Erhuelungsheem fir elengerzéiend Elterendeler a Mammen, 2) e Wunnberäich mat klenge Wunnengen fir Familles monoparentales zu genschtege Loyeren an 3) eng Crêche mat Maison Relais, fir den Elengerzéienden d'Méiglechket ze gin, schaffen ze goen an fräi Zäitreim ze hun

Purpose of the petition

Zil ass, di Elengerzéiend an d'Mammen ze entlaaschten. Béid mussen an dene meeschte Fäll den Haushalt an d'Kannererzéiung quasi eleng schaffen. Dat ass eng enorm Belaaschtung, déi an eiser Gesellschaft aktuell weder bezuelt nach honoréiert get. An den Zäite vu Covid-19 huet des Situatioun ... more

Reasons for the petition

E Land ass net nemmen eng Economie, Geld a Betriiber; e Land, dat ass virun allem seng Bevölkerung. Déi MENSCHEN, déi an dem Land liewen. D'Basis dovun sin di vill Mammen an elengerzéiend Elterendeler, déi meeschtens op hir egen Wensch verzichten, fir datt et (op mannst) de Kanner gutt ... more

ended  13.05.2021
11 /4.500
0%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
19.07.2021

Closing statement

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
07.07.2021

The public petition n°1844 is closed on 07-07-2021

Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

03.06.2021

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

02.06.2021

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°1844, on 02-06-02021 - Number of signatures after validation: 11

02.06.2021

Validated electronic signatures: 11

14.05.2021

The period for signing the public petition n°. 1844 is closed on 14-05-2021 - Number of electronic signatures before validation: 11

02.04.2021

The public petition n°1844 is open for signature, on 02-04-2021

02.04.2021

Statement of admissibility

01.04.2021

The public petition n°1844 is declared admissible by the Conference of Presidents on 01-04-2021

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 02-04-2021 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 13-05-2021 at 11:59 p.m.

31.03.2021

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1844, on 31-03-2021

Opinion of the Committee on Petitions: positive

18.03.2021

The petition public n°1844 is submitted the 18-03-2021

Title of the petition: De Stat soll der Croix Rouge d'Biirtrenger Schlass oder eng anert geegent Baulechkeet ofkafen an doraus dräi Beräicher schafen: 1) en Erhuelungsheem fir elengerzéiend Elterendeler a Mammen, 2) e Wunnberäich mat klenge Wunnengen fir Familles monoparentales zu genschtege Loyeren an 3) eng Crêche mat Maison Relais, fir den Elengerzéienden d'Méiglechket ze gin, schaffen ze goen an fräi Zäitreim ze hun

 

Aim of the petition: Zil ass, di Elengerzéiend an d'Mammen ze entlaaschten. Béid mussen an dene meeschte Fäll den Haushalt an d'Kannererzéiung quasi eleng schaffen. Dat ass eng enorm Belaaschtung, déi an eiser Gesellschaft aktuell weder bezuelt nach honoréiert get. An den Zäite vu Covid-19 huet des Situatioun sech nach verschärft. Wat di Elengerzéiend (familles monoparentales) betrefft, sou liewen si oft un der Aarmutsgrenz, hun opgrond vun de Kanner (Betreiung, Krankhet vun de Kanner) um Aarbechtsmaart manner gudd Chancen a stellen sech selwer an hir Gesondhet ganz un de Schluss. Och hir Chancen, eng passabel a bezuelbar Wunneng ze fannen sin net esou grouss. Doniewent hun d'Kanner net d'Méiglechket, ze spillen an Natur ze genéissen. Dofir wier de Park, dee ronderem d'Schlass ass, optimal a Gesellschaft hätten se och, sou datt se Sozialkompetenze léieren.

D'Croix Rouge kéint mat dem Geld aus dem Verkaf aner Projeten an d'Liewe ruffen oder ausbauen.

Motivation of the general interest of the petition: E Land ass net nemmen eng Economie, Geld a Betriiber; e Land, dat ass virun allem seng Bevölkerung. Déi MENSCHEN, déi an dem Land liewen.

 

D'Basis dovun sin di vill Mammen an elengerzéiend Elterendeler, déi meeschtens op hir egen Wensch verzichten, fir datt et (op mannst) de Kanner gutt get.

 

Leider get dat aktuell weder finanziell nach soss wéi honoréiert an oft féiert hir multipel Belaaschtung dozou, datt hir Gesondhet drenner leid a si weder Geld nach Zäit fir sech selwer an Sozialkontakter hun. Besonnesch d'Familles monoparentales sin an enger ganz erausfuerdernder Situatioun, an dat op villen Niveauen.

 

Letzebuerg ass e räicht Land a soll seng sozial Verantwortung iwwerhuelen.