Öffentliche n°1698

Petitionär/in: Daniel Frères

Eng National Gedenkminutt fir d’Corona-Doudeger

Ziel der Petition

Eng National Gedenkminutt fir d’Corona-Doudeger zum Joreswiessel den 31.12.20 um 24 hrs - 01.01.2021 Mir wëllen an enger Gedenkminutt um 0:00 de Verstuerwene vun der Covid-19-Pandemie an hiren Hannerbliwwene gedenken. An dëser Gedenkminutt drécke mir eist Matgefill als Persoun, Matbierger.in ... mehr

Beweggründe für die Petition

Begrënnung: D’Coronapandemie huet zu Lëtzebuerg 127 Mënschen d’Liewe kascht. Hannert deenen Zuele stieche Mënsche mat Famillen a Frënn. Aus deem Grond wëlle mer solidaresch si mat eise Matmënschen, déi ëm ee schwéiere Verloscht traueren. Mir wëllen eis Matmënschen, déi eng geléifte Persoun ... mehr

abgelaufen  11.12.2020
4975 /4.500
100%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
22.12.2020

Eine öffentliche Ausschuss-Anhörung betreffend die öffentliche Petition Nr. 1698 fand am 22-12-2020 statt

18.12.2020

Gültige Papier- Unterschriften: 2355

18.12.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1698 hat am 18-12-2020 das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften erreicht

18.12.2020

Gültige Online-Unterschriften: 2620

12.12.2020

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1698 ist am 12-12-2020 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 2681

31.10.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1698 kann ab dem 31-10-2020 unterschrieben werden

30.10.2020

Zulässigkeitsbescheid

30.10.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1698 wurde am 30-10-2020 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 31-10-2020 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 11-12-2020 um 23:59

28.10.2020

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 28-10-2020 betreffend die Petition Nr. 1698 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

26.10.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1698 wurde am 26-10-2020 eingereicht.

Titel der Petition: Eng National Gedenkminutt fir d’Corona-Doudeger

Ziel der Petition: Eng National Gedenkminutt fir d’Corona-Doudeger zum Joreswiessel den 31.12.20 um 24 hrs - 01.01.2021 Mir wëllen an enger Gedenkminutt um 0:00 de Verstuerwene vun der Covid-19-Pandemie an hiren Hannerbliwwene gedenken. An dëser Gedenkminutt drécke mir eist Matgefill als Persoun, Matbierger.in an als Natioun, andeems mer ënnert der Rou vun der Nuecht eng Minutt laang de Mënsche gedenken, déi duerch de Coronavirus ëm d’Liewe komm sinn. Fir dësem Joreswiessel vum Matgefill ee würdege Kader ze verschafen, soll een op Freedefeier a Knupperten verzichten.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Begrënnung: D’Coronapandemie huet zu Lëtzebuerg 127 Mënschen d’Liewe kascht. Hannert deenen Zuele stieche Mënsche mat Famillen a Frënn. Aus deem Grond wëlle mer solidaresch si mat eise Matmënschen, déi ëm ee schwéiere Verloscht traueren. Mir wëllen eis Matmënschen, déi eng geléifte Persoun duerch de Coronavirus verluer hunn, an hirer Trauer begleeden an net vergiessen! 127 Corona-Doudeger zu Lëtzebuerg gesinn op den éischte Bléck Mol no enger niddreger Doudeszuel aus a sinn et vläicht och am Verglach mat anere Länner op der Welt. Mee fir et an eng Relatioun ze setzen , dat sinn 6 Mol sou vill Doudeger wéi all Joers op eise Stroossen ëm d’Liewe kommen. Dat sollte mir net ignoréieren. An d’Zuelen tréischten och net déi Mënschen doriwwer ewech, déi eng geléifte Persoun verluer hunn. Mir däerfen nämlech och net vergiessen, datt den Doud duerch de Covid-19 een immens einsamen a schrecklechen Doud ass. Dës Patiente si meeschtens an de Spideeler a Fleegeheemer ouni de Bäistand vun hirer Famill a Frënn gestuerwen, ouni kënnen eng leschte Kéier Äddi ze soen. Dëst ass fir déi Hannerbliwwen eng immens péngvoll Situatioun, déi se psychologesch eng laang Zäit wäert begleeden. Grad dëse Leit wëlle mer eist déift Matgefill ausdrécken. De richtegen Zäitpunkt dofir ass an eisen Aen de Joreswiessel, bei deem mer traditiounsgeméiss op dat vergaangent Joer zeréckkucken an hoffnungsvoll op dat neit Joer blécken. Fir dem Joreswiessel vum Matgefill ee würdege Kader ze verschafen, soll een op Freedefeier a Knupperten verzichten. Dëst huet de Virdeel, dass vill Accidenter, kënne vermidde ginn, wouduerch d’Rettungsdéngschter sech op méi wichteg Fäll konzentréiere kéinten. Des Weideren kënnen sech dës Leit och zu deem Moment un der Gedenkminutt bedeelegen. Gläichzäiteg maache mer eppes Guddes fir d’Ëmwelt an d’Gesondheet, well di enorm Quantiéiten un Dreck evitéiert ginn. Wärend enger Silvesternuecht geet d’Feinstaubbelaaschtung normalerweis ëm dat véierzéchfacht an d’Luucht. Och dat géif an enger roueger Silvesternuecht ewechfalen. Och di negative Wierkung vu Knupperten op Haus- a Wëlldéiere géif doduerch entfalen. Duerch Freedefeier geroden d’Déieren nämlech oft a Panik, Hausdéiere lafe fort, wat zu Accidenter féiere kann. Ee Verbuet vun Freedefeiere ass relativ einfach ëmzesetzen. Esou hunn zum Beispill verschidde Gemengen hei am Land schonns di lescht Joren ee generellt Verbuet fir Freedefeier agefouert, wéi zum Beispill, Esch-sur-Alzette an d’Gemengen, Berdorf, Dudelange, Erpeldange, Fischbach, Hobscheid, Kayl, Kehlen, Leudelange, Redange, Sanem, Schifflange, Steinsel an Réimech.