Öffentliche n°1394

Petitionär/in: Franky Gilbertz

Fir eng national Initiative d'Bushaisercher mat enger Daachbegrünung auszestatten

Ziel der Petition

Mer wëssen entretemps all, dass mer eisem Planéit hëllefe musse fir d'Zukunft vun eis als Spezies selwer ze iwwerliewen. Et geet net drëms permanent Panik ze verbreeden, mä mat konkrete Virschléi weider ze hëllefen. Duerch gezillten Aktioune kënne mer dozou bäidroen der Biodiversitéit eng ... mehr

Beweggründe für die Petition

Dës Petitioun soll d’Politik opfuerderen sech positiv fir dës Iddi auszedrécken an deemno ee klenge revolutionäre Schratt anzelaude wéi d'Bushaisercher am Land an d'Zukunft kënnen ausgesinn. D‘Beien, de Bommelen a vill aner Insekten (déi och maassgeeblech un der Bestëbsung bedeelegt sinn, ... mehr

abgelaufen  28.11.2019
194 /4.500
4%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
09.01.2020

Beendigungsbescheid

08.01.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1394 wurde am 08-01-2020 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

06.12.2019

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

04.12.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1394 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 04-12-2019 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 194

04.12.2019

Gültige Online-Unterschriften: 194

29.11.2019

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1394 ist am 29-11-2019 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 195

18.10.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1394 kann ab dem 18-10-2019 unterschrieben werden

17.10.2019

Zulässigkeitsbescheid

17.10.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1394 wurde am 17-10-2019 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 18-10-2019 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 28-11-2019 um 23:59

16.10.2019

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 16-10-2019 betreffend die Petition Nr. 1394 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

27.09.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1394 wurde am 27-09-2019 eingereicht.

Titel der Petition: Fir eng national Initiative d'Bushaisercher mat enger Daachbegrünung auszestatten

Ziel der Petition: Mer wëssen entretemps all, dass mer eisem Planéit hëllefe musse fir d'Zukunft vun eis als Spezies selwer ze iwwerliewen. Et geet net drëms permanent Panik ze verbreeden, mä mat konkrete Virschléi weider ze hëllefen. Duerch gezillten Aktioune kënne mer dozou bäidroen der Biodiversitéit eng reell Chance ze ginn och an d'Zukunft villfälteg ze bleiwen.

Mer mussen eis bewosst si wat mer maachen. An haut d'Weiche fir muer leeën ass ëmsou méi wichteg, well mer duerch Bäiträg aus internationale Studie Fakten erausschiele kënnen an deemno ganz geziilt agéiere kënnen. Esou ass et zum Beispill kee Geheimnis méi, dass d'Beie fir eis als Mënschen enorm wichteg sinn. Si sinn ee Vektor fir de Fortgang vum Liewen tout court.

Deelweis gi schonn eis Schoulkanner geléiert den Ëmgang mat de Beien ze beherrschen an ze wësse wéi wichteg dat kleng Liewewiese fir d'Natur, spréch d'Flora an d'Fauna ass.

No baussen hin muss also deem nach een drop geluecht gi fir dass och de grand public weess, dass de Beie muss gehollef ginn. Dofir sinn ech der Meenung, dass mer eis um Beispill vun der hollännescher Staat Utrecht orientéiere sollen an eng étude de faisabilité solle lancéiere fir eis Bushaisercher (aubettes) am Land (do wou et méiglech ass) mat enger Daachbegrünung, déi speziell de Beien eng Nahrungsquell (vu fréi bis spéit am Joer) bitt.

Mer wëssen, dass der Maachbarkeet vun esou Projeten haut keng Grenze méi gesat sinn an d'Iddie villfälteg sinn. Nieft dem Ubidde vu Nahrung un d'Beien, kënnen d'Daachbegrünunge vu Bushaisercher dem Mënsch zousätzlech Elementer liwweren: si spenden een Deel Schiet wann et waarm dobaussen ass, si kënnen d'Klima ënner dem Bushaischen also e bësse reegelen, si sinn eng Aart Filter fir d’Loft (well se een Deel vum „Knascht“ aus der Loft opfänken) a si kënnen een Deel vum Reewaasser sënnvoll späicheren, nämlech fir d'Gréngs, dat um Bushaische wiisst a geplanzt ass.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Dës Petitioun soll d’Politik opfuerderen sech positiv fir dës Iddi auszedrécken an deemno ee klenge revolutionäre Schratt anzelaude wéi d'Bushaisercher am Land an d'Zukunft kënnen ausgesinn.

D‘Beien, de Bommelen a vill aner Insekten (déi och maassgeeblech un der Bestëbsung bedeelegt sinn, ergo och mat dofir verantwortlech sinn, dass Uebst a Geméis wiisst) - a last but not least d‘Natur (Flora a Fauna) – seet eis schonns am Viraus ee grousse Merci.

Mer hunn eist eegent Liewe selwer an der Hand. Mä grad esou hu mer (leider) och d'Liewe vun de Beien, Bommelen an aneren Insekten an der Hand, déi en revanche eist Liewen op eng gewëssen Aart a Weis an der Hand hunn. Hëllefe mer hinnen elo net duerch kleng geziilten Aktioun wéi dës Iddi mat der Daachbegrünung vun de Bushaisercher, stierwen se aus, well se fréi oder spéit keng Nahrungsquelle méi hunn. An domadder läsche mer eis no a no selwer aus. Well mer wëssen all zegutt: keng Beien, Bommelen an aner Insekte méi, dat heescht keng Bestëbsung vun de Bléie méi, déi absolut noutwenneg ass fir dass Uebst a Geméis ka wuessen, also iergendwann och kee Mënscheliewe méi. A ass an eisem Intressi eise fläissege Frënn ze hëllefen. Si hëllefen eis am Alldag. Also si mer verflicht hinnen och ze hëllefe wa mer eis net selwer ausrotte wëllen. D'Zäit leeft!