Ëffentlech n°730

Petitionnär/in: Jean Heuschling

Fir eng steierlech Entlaaschtung vun den Elengerzéier/innen (familles monoparentales)

Zil vun der Petitioun

Vis-à-vis vun enger Koppel gëtt eng „famille monoparentale" vill ze héich besteiert Ech fuerderen 1. Upassung vun de Steiertabellen vun der Steierklass 1a-monoparentale un d’Steierklass 2 2. Ofkoppelung vum „crédit d'impôt monoparental“ (CIM) vum Montant vun den Alimenter 3. Ersetzen vun zousätzlechen Abattementer fir „Familles monoparentales“ duerch méi effektiv Steiererliichterungen, z.B duerch d’Erhéige vum CIM 4. Méiglechkeet ze wielen, a wat fir enger Steierklass een déi éischt 3 Joer no der Scheedung besteiert gëtt.

Motivatioun vun der Petitioun

Steiergerechtegkeet soll et an alle Situatiounen an an alle Steierklasse ginn. 1. Upassung vun de Steiertabellen vun der Steierklass 1a-monoparentale un d’Steierklass 2 Aus de Steiertabellen 2016 geet ervir, dat Elengerzéier/innen (Papp oder Mamm) (famille monoparentale, classe d'impôt 1a) bis zu duebel sou vill Steieren wéi eng bestuete/gepacste Koppel bezuelen. No der Steierreform 2017 gëtt den Ënnerscheet zum Deel nach méi grouss, trotz Abattementer a CIM, well d'Steierklass 2 zum Deel méi entlaascht gët wéi d'Steierklass 1a Beispill: En/g Elengerzéier/in bezuelt bei 50.000€ Brutoakommes 4.463€ Steieren, eng Koppel nëmmen 371€. 2. De „crédit d'impôt monoparental“ (CIM) dierf net un d'Alimenter gekoppelt sinn, fir dat jiddwer Elengerzéier/in dovu ka profitéieren. De CIM soll Elengerzéier/innen finanziell entlaaschten. Je no Montant vun den Alimenter fir d'Kanner kann de CIM awer op 0,00€ erofgoen. De CIM bedréit no der Reform zwëschen 750€ a 1.500€ d'Joer, jee no Akommes, falls en net duerch d'Alimenter ganz ewegfällt. Dat ass net gerecht vis-à-vis vun enger Koppel mat 2 Akommes, well Si ka vun engem Abattement extra-professionnel vun 4.500€ profitéieren, ouni Récksiicht op d'Héicht vum Akommes. Doduerch huet eng Koppel bis zu duebel sou héich Steieravantagen wéi eng „Famille monoparentale“. 3. D'Abattementer fir „Familles monoparentales“ sollten duerch méi effektiv Steiererliichterungen ersat gin, well Abattementer deene Leit zegutt kommen, déi en héicht Akommes hunn. Koppelen ouni Kanner déi zu 2 schaffe gin, kënnen ouni Problemer vun den Abattementer profitéieren, während Familles monoparentales sech oft keng zousätzlech Ausgabe (Botzhëllef, Zousazpensioun...) leeschten kënnen, fir vun den Abattementer ze profitéieren. D'Iddi vun der Steierklass 2 ass jo, fir d'Famillen finanziell ze entlaaschten. Elengerzéier/inner mat engem oder méi Kanner sinn och eng Famill, gin awer net als Famill unerkannt a falen an d'Steierklass 1a. Si bezuele vill méi Steieren, zum Deel souguer souvill, dat hier Netto-Akommes inklusiv Kannergeld méi niddereg ass, wéi bei enger Koppel ouni Kanner. Firwat soll en Elengerzéier als Famill mat engem oder méi Kanner vill méi Steieren bezuele wéi eng Koppel ouni Kanner. Eng Nobesserung fir d'Familles monoparentales muss ausgeschafft ginn, fir dat Gerechtegkeet an alle Gehälterklassen eng Realitéit ass. 4. Et ass wichteg dat ee wiele kann, a wat fir enger Steierklass een déi éischt 3 Joer no der Scheedung besteiert gët, well an den ennëschte Gehaltsklassen grouss Ënnerscheeder an de Steiertabelle sinn, a well en/g Elengerzéier/in déi 3 éischt Joer no der Scheedung/Trennung net vun de Viirdeeler vun der Steierklass 1a-monoparentale profitéiere kann.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.
ofgelaf  06.12.2016
1009 /4.500
22%
gesammelt Ënnerschrëften

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
13.12.2016

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1009

13.12.2016

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an déi ordinär Petitioun Nr. 730 den 13-12-2016

13.12.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 730 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 13-12-2016 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1009

07.12.2016

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 730 z'ënnerschreiwen ass den 07-12-2016 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1009

25.10.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 730 ka vum 25-10-2016 un ënnerschriwwe ginn

20.10.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 730 gouf den 20-10-2016 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-10-2016 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-12-2016 um 23h59

20.10.2016

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 20-10-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 730 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

19.10.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 730 gouf den 19-10-2016 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir eng steierlech Entlaaschtung vun den Elengerzéier/innen (familles monoparentales)

Zil vun der Petitioun: Vis-à-vis vun enger Koppel gëtt eng „famille monoparentale" vill ze héich besteiert

 

Ech fuerderen

 

1. Upassung vun de Steiertabellen vun der Steierklass 1a-monoparentale un d’Steierklass 2

 

2. Ofkoppelung vum „crédit d'impôt monoparental“ (CIM) vum Montant vun den Alimenter

 

3. Ersetzen vun zousätzlechen Abattementer fir „Familles monoparentales“ duerch méi effektiv Steiererliichterungen, z.B duerch d’Erhéige vum CIM

 

4. Méiglechkeet ze wielen, a wat fir enger Steierklass een déi éischt 3 Joer no der Scheedung besteiert gëtt.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Steiergerechtegkeet soll et an alle Situatiounen an an alle Steierklasse ginn.

 

1. Upassung vun de Steiertabellen vun der Steierklass 1a-monoparentale un d’Steierklass 2

 

Aus de Steiertabellen 2016 geet ervir, dat Elengerzéier/innen (Papp oder Mamm) (famille monoparentale, classe d'impôt 1a) bis zu duebel sou vill Steieren wéi eng bestuete/gepacste Koppel bezuelen. No der Steierreform 2017 gëtt den Ënnerscheet zum Deel nach méi grouss, trotz Abattementer a CIM, well d'Steierklass 2 zum Deel méi entlaascht gët wéi d'Steierklass 1a

 

Beispill:

 

En/g Elengerzéier/in bezuelt bei 50.000€ Brutoakommes 4.463€ Steieren, eng Koppel nëmmen 371€.

 

2. De „crédit d'impôt monoparental“ (CIM) dierf net un d'Alimenter gekoppelt sinn, fir dat jiddwer Elengerzéier/in dovu ka profitéieren.

De CIM soll Elengerzéier/innen finanziell entlaaschten. Je no Montant vun den Alimenter fir d'Kanner kann de CIM awer op 0,00€ erofgoen.

De CIM bedréit no der Reform zwëschen 750€ a 1.500€ d'Joer, jee no Akommes, falls en net duerch d'Alimenter ganz ewegfällt.

Dat ass net gerecht vis-à-vis vun enger Koppel mat 2 Akommes, well Si ka vun engem Abattement extra-professionnel vun 4.500€ profitéieren, ouni Récksiicht op d'Héicht vum Akommes. Doduerch huet eng Koppel bis zu duebel sou héich Steieravantagen wéi eng „Famille monoparentale“.

 

3. D'Abattementer fir „Familles monoparentales“ sollten duerch méi effektiv Steiererliichterungen ersat gin, well Abattementer deene Leit zegutt kommen, déi en héicht Akommes hunn. Koppelen ouni Kanner déi zu 2 schaffe gin, kënnen ouni Problemer vun den Abattementer profitéieren, während Familles monoparentales sech oft keng zousätzlech Ausgabe (Botzhëllef, Zousazpensioun...) leeschten kënnen, fir vun den Abattementer ze profitéieren.

 

D'Iddi vun der Steierklass 2 ass jo, fir d'Famillen finanziell ze entlaaschten. Elengerzéier/inner mat engem oder méi Kanner sinn och eng Famill, gin awer net als Famill unerkannt a falen an d'Steierklass 1a. Si bezuele vill méi Steieren, zum Deel souguer souvill, dat hier Netto-Akommes inklusiv Kannergeld méi niddereg ass, wéi bei enger Koppel ouni Kanner.

 

Firwat soll en Elengerzéier als Famill mat engem oder méi Kanner vill méi Steieren bezuele wéi eng Koppel ouni Kanner.

Eng Nobesserung fir d'Familles monoparentales muss ausgeschafft ginn, fir dat Gerechtegkeet an alle Gehälterklassen eng Realitéit ass.

 

4. Et ass wichteg dat ee wiele kann, a wat fir enger Steierklass een déi éischt 3 Joer no der Scheedung besteiert gët, well an den ennëschte Gehaltsklassen grouss Ënnerscheeder an de Steiertabelle sinn, a well en/g Elengerzéier/in déi 3 éischt Joer no der Scheedung/Trennung net vun de Viirdeeler vun der Steierklass 1a-monoparentale profitéiere kann.