Einfach n°418

Petitionnär/in: Claude Hilbert

Fir eng Begrenzung vun der Lautstärkt vun der Musik an den Discoën, Clubs, Bars an op de Baler - Pour la limitation du volume de la musique dans les discothèques, clubs, bars et durant les bals

Zil vun der Petitioun

D'Zieler vun dëser Petitioun dierften wuel jidderengem kloër sinn. Folgend Virdeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik: 1. Et kann een rëm normal mat aneren Leit schwätzen, ouni sech géigesäitig an d'Ouer bierelen ze mussen. 2. Et ass een nit hees, wann een heem geet. 3. Et huet een keen Tinnitus, wann een heem geet. 4. Et vermeid een, dass d'Hörapparater an 10 Joër deeselwichte Kultstatus erreechen, wéi dëser Deeg d'Smartphones, an sou d'Gesondheetskees schounen. Folgend Nodeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik: Iwwerhaapt keng. An anere Wieder: op déi Plazen wou een eigentlich higeet, fir sozial Kontakter ze knäppen, ass eben genau dat nit méiglich wéinst der iwwerdriwwener Lautstärkt vun der Musik. Dofir mäin Appell un all déi Jonk, déi sech derzäit op sou Plazen ophalen, an un deenen hier Elteren, huelt iech 2 Minutten an maacht dauerhaft eppes fir är Gesondheet, respektiv fir déi vun äre Kanner.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
21.01.2015

D'einfach Petitioun Nr. 418 ass den 21-01-2015 ofgeschloss ginn

16.12.2014

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

15.12.2014

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 418, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 15-12-2014