Petitionnär/in: Claude Hilbert
Fir eng Begrenzung vun der Lautstärkt vun der Musik an den Discoën, Clubs, Bars an op de Baler - Pour la limitation du volume de la musique dans les discothèques, clubs, bars et durant les bals
Zil vun der Petitioun
D'Zieler vun dëser Petitioun dierften wuel jidderengem kloër sinn. Folgend Virdeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik: 1. Et kann een rëm normal mat aneren Leit schwätzen, ouni sech géigesäitig an d'Ouer bierelen ze mussen. 2. Et ass een nit hees, wann een heem geet. 3. Et huet een keen Tinnitus, wann een heem geet. 4. Et vermeid een, dass d'Hörapparater an 10 Joër deeselwichte Kultstatus erreechen, wéi dëser Deeg d'Smartphones, an sou d'Gesondheetskees schounen. Folgend Nodeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik: Iwwerhaapt keng. An anere Wieder: op déi Plazen wou een eigentlich higeet, fir sozial Kontakter ze knäppen, ass eben genau dat nit méiglich wéinst der iwwerdriwwener Lautstärkt vun der Musik. Dofir mäin Appell un all déi Jonk, déi sech derzäit op sou Plazen ophalen, an un deenen hier Elteren, huelt iech 2 Minutten an maacht dauerhaft eppes fir är Gesondheet, respektiv fir déi vun äre Kanner.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an déi ordinär Petitioun Nr. 418 den 15-12-2014
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 418 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 15-12-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 83
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 418 z'ënnerschreiwen ass den 06-12-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 84
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 418 ka vum 24-10-2014 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 418 gouf den 23-10-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-10-2014 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-12-2014 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 16-10-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 418 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 418 gouf den 05-08-2014 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Fir eng Begrenzung vun der Lautstärkt vun der Musik an den Discoën, Clubs, Bars an op de Baler - Pour la limitation du volume de la musique dans les discothèques, clubs, bars et durant les bals
Zil vun der Petitioun: D'Zieler vun dëser Petitioun dierften wuel jidderengem kloër sinn. Folgend Virdeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik:
1. Et kann een rëm normal mat aneren Leit schwätzen, ouni sech géigesäitig an d'Ouer bierelen ze mussen.
2. Et ass een nit hees, wann een heem geet.
3. Et huet een keen Tinnitus, wann een heem geet.
4. Et vermeid een, dass d'Hörapparater an 10 Joër deeselwichte Kultstatus erreechen, wéi dëser Deeg d'Smartphones, an sou d'Gesondheetskees schounen.
Folgend Nodeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik: Iwwerhaapt keng.
An anere Wieder: op déi Plazen wou een eigentlich higeet, fir sozial Kontakter ze knäppen, ass eben genau dat nit méiglich wéinst der iwwerdriwwener Lautstärkt vun der Musik. Dofir mäin Appell un all déi Jonk, déi sech derzäit op sou Plazen ophalen, an un deenen hier Elteren, huelt iech 2 Minutten an maacht dauerhaft eppes fir är Gesondheet, respektiv fir déi vun äre Kanner.