Einfach n°2122

Petitionnär/in: Pierrot Joseph Léon Feltgen

ADAPTO - fir eng besser Organisatioun am Sënn vu Leit mat enger Behënnerung ADAPTO - für eine bessere Organisation im Sinne der Personen mit einer Behinderung ADAPTO - pour une meilleure organisation en faveur des personnes avec un handicap

Zil vun der Petitioun

Den ADAPTO-System soll nees ee Garant vun der Mobilitéit fir Mënsche mat enger Beeinträchtigung ginn. Dëse Service soll net eng Brems oder souguer een Hënnernes, mee ganz au Contraire ee Moyen zur Inklusioun an d'gesellschaftlech Liewe fir Leit mat Mobilitéitsproblemer sinn. Et muss ee Service sinn ob deen ee sech verloosse kann, deen een sëcher a zu deene gefrooten Zäiten vun A ob B bréngt. Eng besser Logistik an eng méi human Handhabung soll et all dëse Kanner a erwuessene Persounen erlaabe nees um Liewe vun eiser Gesellschaft deelhuele loossen. Fir si ass den ADAPTO deen eenzege Wee zu hiren Aktivitéiten.

Motivatioun vun der Petitioun

Säit September si vill Leit mat enger geeschteger Behënnerung vum aktive Liewen ausgeschloss, well si sech net méi op eng zouverlässeg Aart a Weis op hir Aktivitéiten am Sport, Kultur a soss Fräizäitaktivitéiten deplacéiere kënnen. Grad des Leit brauchen eng Reegelméissegkeet an hirem Liewensoflaf. Transporter déi net oder vill ze spéit kommen, féiert dozou dat d'Elteren an déi betraffe Leit sech net méi sécher fillen an da léiwer doheem bleiwen, wéi ee Risiko anzegoen. D'Chauffeure kennen dacks hir Strécken net, verwiesselen Uertschafte mat Gemengen, kënne meeschtens net mat de Leit déi se transportéiere kommunizéieren. All dat féiert zu enormen Unsecherheeten. Transporteuren aus der jeeweileger Regioun, och wéinst ökologeschen Ursaachen, sollte prioritär agesat ginn, mat Chauffeuren déi och mat dëser speziell Clientel ëmgoen kënnen an si eventuell kennen.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
06.10.2022

Deklaratioun vun der Cloture

05.10.2022

D'einfach Petitioun Nr. 2122 ass den 05-10-2022 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Prise de position gouvernementale restée sans suite

04.07.2022

Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Regierung un de Petitionär

Transmission de la prise de position gouvernementale au pétitionnaire Transmission de la prise de position gouvernementale au pétitionnaire
02.06.2022

Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 2122 ass disponibel, den 02-06-2022

Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics

Prise de position gouvernementale Prise de position gouvernementale
06.04.2022

Eng Stellungsnam ass den 06-04-2022 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 2122 ugefrot ginn

Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics

Demande de prise de position gouvernementale avec information au pétitionnaire Demande de prise de position gouvernementale avec information au pétitionnaire
30.03.2022

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 2122, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 30-03-2022