Petitionnär/in: Pierrot Joseph Léon Feltgen
ADAPTO - fir eng besser Organisatioun am Sënn vu Leit mat enger Behënnerung ADAPTO - für eine bessere Organisation im Sinne der Personen mit einer Behinderung ADAPTO - pour une meilleure organisation en faveur des personnes avec un handicap
Zil vun der Petitioun
Den ADAPTO-System soll nees ee Garant vun der Mobilitéit fir Mënsche mat enger Beeinträchtigung ginn. Dëse Service soll net eng Brems oder souguer een Hënnernes, mee ganz au Contraire ee Moyen zur Inklusioun an d'gesellschaftlech Liewe fir Leit mat Mobilitéitsproblemer sinn. Et muss ee Service sinn ob deen ee sech verloosse kann, deen een sëcher a zu deene gefrooten Zäiten vun A ob B bréngt. Eng besser Logistik an eng méi human Handhabung soll et all dëse Kanner a erwuessene Persounen erlaabe nees um Liewe vun eiser Gesellschaft deelhuele loossen. Fir si ass den ADAPTO deen eenzege Wee zu hiren Aktivitéiten.
Motivatioun vun der Petitioun
Säit September si vill Leit mat enger geeschteger Behënnerung vum aktive Liewen ausgeschloss, well si sech net méi op eng zouverlässeg Aart a Weis op hir Aktivitéiten am Sport, Kultur a soss Fräizäitaktivitéiten deplacéiere kënnen. Grad des Leit brauchen eng Reegelméissegkeet an hirem Liewensoflaf. Transporter déi net oder vill ze spéit kommen, féiert dozou dat d'Elteren an déi betraffe Leit sech net méi sécher fillen an da léiwer doheem bleiwen, wéi ee Risiko anzegoen. D'Chauffeure kennen dacks hir Strécken net, verwiesselen Uertschafte mat Gemengen, kënne meeschtens net mat de Leit déi se transportéiere kommunizéieren. All dat féiert zu enormen Unsecherheeten. Transporteuren aus der jeeweileger Regioun, och wéinst ökologeschen Ursaachen, sollte prioritär agesat ginn, mat Chauffeuren déi och mat dëser speziell Clientel ëmgoen kënnen an si eventuell kennen.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2122 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 02-03-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1825
Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 137
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1688
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2122 z'ënnerschreiwen ass den 21-01-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1688
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2122 ka vum 10-12-2021 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2122 gouf den 09-12-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 10-12-2021 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-01-2022 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 08-12-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2122 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2122 gouf den 23-11-2021 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: ADAPTO - fir eng besser Organisatioun am Sënn vu Leit mat enger Behënnerung
ADAPTO - für eine bessere Organisation im Sinne der Personen mit einer Behinderung
ADAPTO - pour une meilleure organisation en faveur des personnes avec un handicap
Zil vun der Petitioun: Den ADAPTO-System soll nees ee Garant vun der Mobilitéit fir Mënsche mat enger Beeinträchtigung ginn. Dëse Service soll net eng Brems oder souguer een Hënnernes, mee ganz au Contraire ee Moyen zur Inklusioun an d'gesellschaftlech Liewe fir Leit mat Mobilitéitsproblemer sinn. Et muss ee Service sinn ob deen ee sech verloosse kann, deen een sëcher a zu deene gefrooten Zäiten vun A ob B bréngt. Eng besser Logistik an eng méi human Handhabung soll et all dëse Kanner a erwuessene Persounen erlaabe nees um Liewe vun eiser Gesellschaft deelhuele loossen. Fir si ass den ADAPTO deen eenzege Wee zu hiren Aktivitéiten.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Säit September si vill Leit mat enger geeschteger Behënnerung vum aktive Liewen ausgeschloss, well si sech net méi op eng zouverlässeg Aart a Weis op hir Aktivitéiten am Sport, Kultur a soss Fräizäitaktivitéiten deplacéiere kënnen. Grad des Leit brauchen eng Reegelméissegkeet an hirem Liewensoflaf. Transporter déi net oder vill ze spéit kommen, féiert dozou dat d'Elteren an déi betraffe Leit sech net méi sécher fillen an da léiwer doheem bleiwen, wéi ee Risiko anzegoen. D'Chauffeure kennen dacks hir Strécken net, verwiesselen Uertschafte mat Gemengen, kënne meeschtens net mat de Leit déi se transportéiere kommunizéieren. All dat féiert zu enormen Unsecherheeten. Transporteuren aus der jeeweileger Regioun, och wéinst ökologeschen Ursaachen, sollte prioritär agesat ginn, mat Chauffeuren déi och mat dëser speziell Clientel ëmgoen kënnen an si eventuell kennen.