Einfach n°2107

Petitionnär/in: Jean Marie Jean-Pierre Heuschling

Schluss mat der steierlecher Diskriminéierung géint Elengerzéier! Mettre fin à la discrimination fiscale des familles monoparentales!

Zil vun der Petitioun

De Collectif Monoparental fuerdert: 1. Elo direkt e Reklassement vun den elengerzéiende Familljen an d'Steierklass 2. (Definitioun vun ,,elengerzéiend Famill": een eenzegen Erwuessenen, Wittfra/Wittmann, gescheet, oder Jonggesell(in), mat engem oder méi Kanner zu Laaschten) 2. D'Bäibehalen vum CIM (crédit d'impôt monoparental) a seng Upassung op EUR2.500 pro Joer, ouni Konditiounen déi un d'Pai oder d'Alimenter gebonne sinn, fir all Elengerzéier(inne) mat engem oder méi Kanner. ---- Le Collectif Monoparental revendique : 1. Le reclassement immédiat des familles monoparentales dans la classe d'impôt 2. (Définition de « famille monoparentale » : un seul adulte (veu(f)ve, divorcé(e), célibataire) avec un ou plusieurs enfants à charge.) 2. Le maintien du CIM (crédit d'impôt monoparental) et son adaptation à EUR2.500 par an, sans condition de salaire et d'aliments, pour tout parent élevant seul un ou plusieurs enfants. https://www.facebook.com/groups/monoparentaux/

Motivatioun vun der Petitioun

Motivatioun vun der Petitioun: Nach ëmmer ginn hei zu Lëtzebuerg d'Kanner aus elengerzéiende Familljen diskriminéiert duerch e steierleche System deen sech nom Familljestand vun hiren Elteren riicht. Dës Kanner ginn onfair benodeelegt, well deen Elterendeel dee si erzéit ganz eleng méi Steiere muss bezuelen wéi eng bestueten oder gepacste Koppel mat gläichem Akommes, souguer wann déi Koppel iwwerhaapt keng Kanner huet. Elengerzéier brauchen eng dréngend Ëmsetzung vun den uewe genannte Mesuren, well eis elengerzéiend Familljen an enger Situatioun sinn déi si einfach net méi packen: 58.7% vun hinne komme finanziell net iwwert d'Ronne, wärend 38% riskéieren an d'Aarmut ze falen. (Statec 5/21) ------ Aujourd'hui, au Luxembourg, les enfants vivant dans des familles monoparentales sont discriminés par un système fiscal basé sur l'état civil de leurs parents. Ces enfants sont désavantagés d'une manière injuste, parce que le seul parent qui les élève paie, à lui ou à elle seul(e), plus d'impôts que les couples mariés ou pacsés, à revenu égal, et même sans enfants. Il est de toute urgence que la mise en oeuvre des mesures mentionnées ci-dessus soient réalisées, au vu de la situation insoutenable des familles monoparentales dont 58.7% ont de la difficulté à joindre les deux bouts sur le plan financier, tandis que 38% font face au risque de pauvreté. (Statec 5/21) Le Collectif Monoparental https://www.facebook.com/groups/monoparentaux/

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
13.10.2022

Transmission de la réaction de la part du pétitionnaire au Ministre compétent

09.09.2022

Réaction de la part du pétitionnaire à la prise de position gouvernementale

Réaction de la part du pétitionnaire Réaction de la part du pétitionnaire
13.07.2022

Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Regierung un de Petitionär

Transmission de la prise de position gouvernementale au pétitionnaire Transmission de la prise de position gouvernementale au pétitionnaire
17.06.2022

Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 2107 ass disponibel, den 17-06-2022

Minister(en): Madame Yuriko Backes, Ministre des Finances

Prise de position gouvernementale Prise de position gouvernementale
04.05.2022

Eng Stellungsnam ass den 04-05-2022 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 2107 ugefrot ginn

Minister(en): Madame Yuriko Backes, Ministre des Finances

Demande de prise de position gouvernementale avec information au pétitionnaire Demande de prise de position gouvernementale avec information au pétitionnaire
27.04.2022

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 2107, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 27-04-2022