Ëffentlech n°2176

Petitionnär/in: Sacha André

Fir een Déierekierfecht zu Lëtzebuerg

Zil vun der Petitioun

De Respekt vis-à-vis vum Déiere geet iwwert Liewenszäit eraus a muss och am Doud bestoe bleiwen. Zu Lëtzebuerg gëtt et selwer keng Offer en Déier an allen Éieren ze begruewen. Mat engem Déierekierfecht géif et och zu Lëtzebuerg eng Méiglechkeet ginn en Déiere éierevoll a legal ze begruewen an ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Déiere gehéiere fir vill Mënschen zur Famill. Wann en Déier stierft bleift de Mënsche momentan just d'Anäscherung an d'Urn Heem ze huelen oder de Gang an d'Ausland fir et do op engem Déierekierfecht ze begruewen. En Déierekierfecht ka Mënschen eng immens psychologesch Hellefstellung sinn, ... méi

ofgelaf  03.03.2022
509 /4.500
11%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
23.05.2022

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
18.05.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2176 ass den 18-05-2022 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

31.03.2022

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

30.03.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2176 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 30-03-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 509

30.03.2022

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 509

04.03.2022

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2176 z'ënnerschreiwen ass den 04-03-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 509

24.01.2022

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

21.01.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2176 ka vum 21-01-2022 un ënnerschriwwe ginn

19.01.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2176 gouf den 19-01-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 21-01-2022 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 03-03-2022 um 23h59

19.01.2022

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 19-01-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2176 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

05.01.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2176 gouf den 05-01-2022 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir een Déierekierfecht zu Lëtzebuerg

Zil vun der Petitioun: De Respekt vis-à-vis vum Déiere geet iwwert Liewenszäit eraus a muss och am Doud bestoe bleiwen. Zu Lëtzebuerg gëtt et selwer keng Offer en Déier an allen Éieren ze begruewen. Mat engem Déierekierfecht géif et och zu Lëtzebuerg eng Méiglechkeet ginn en Déiere éierevoll a legal ze begruewen an eng Plaz fir ze traueren ze hunn.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Déiere gehéiere fir vill Mënschen zur Famill. Wann en Déier stierft bleift de Mënsche momentan just d'Anäscherung an d'Urn Heem ze huelen oder de Gang an d'Ausland fir et do op engem Déierekierfecht ze begruewen. En Déierekierfecht ka Mënschen eng immens psychologesch Hellefstellung sinn, well se en Uert hunn fir ze traueren an se hiert Déier an allen Éieren begruewe kennen. Och bleift di Plaz um Kierfecht als Trauerplaz esoulaang erhalen, wéi een dat well. Zudeem kennen d'Mënschen d'Plaz esou gestalte wéi se wëllen, natierlech am Respekt vu gewësse Reegelen.

 

Den Déierekierfecht zu Tréier oder zu Saarbrécke weisen, dass eng Demande och besteet an en Déierekierfecht genotzt gëtt wann een d'Méiglechkeet huet. Zudeem kënnt d'Schafe vun engem Déierekierfecht verhënneren, dass Déieren egal wou begruewe ginn, och wann dat net legal ass.

 

Mam Déiereschutzgesetz vun 2018 gëtt d'Déier als Liewewiesen unerkannt. D'Schafe vun engem Déierekierfecht wier ganz am Sënn vun deem Gesetz, wëll domadder de Respekt virum Liewewiesen iwwert seng Liewenszäit eraus visibel gëtt.

 

En Déierekierfecht kann och eng flott gestalte Gréngzon schafen, déi fir de Public accessibel ass.