Ëffentlech n°1841

Petitionnär/in: Shona Hye Yun Meyer

Prüfungen duerch Portfolioen oder Projeten an den Lycéen (Secondaire) ersetzen.

Zil vun der Petitioun

Mat dëser Petitioun wellen mir den Educatiounsminister Herr Meisch an d'Enseignanten drop opmierksam maachen, dassen mir Lycées-Schüler Prüfungen duerch beispillsweis Portfolioen ersaat wellen kréien. Dëst géif ons en d'Méiglechkeet ginn amplatz Definitiounen auswenneg léieren, ons mat ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Déi aktuell Situatioun ass fir vill Schüler net einfach an den Stress an der Schoul mecht et net besser. Mir Schüler hunn keen sozialt Lierwen méi weder nach Freizeit. Vun moies bis owes sinn mir mat der Schoul beschäftegt, fir déi Saachen déi mer beispillsweis am Homeschooling net ... méi

ofgelaf  13.05.2021
438 /4.500
10%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
19.07.2021

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
07.07.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1841 ass den 07-07-2021 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

03.06.2021

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

02.06.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1841 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 02-06-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 438

02.06.2021

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 438

14.05.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1841 z'ënnerschreiwen ass den 14-05-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 438

02.04.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1841 ka vum 02-04-2021 un ënnerschriwwe ginn

02.04.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

01.04.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1841 gouf den 01-04-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 02-04-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 13-05-2021 um 23h59

31.03.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 31-03-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1841 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

15.03.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1841 gouf den 15-03-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Prüfungen duerch Portfolioen oder Projeten an den Lycéen (Secondaire) ersetzen.

Zil vun der Petitioun: Mat dëser Petitioun wellen mir den Educatiounsminister Herr Meisch an d'Enseignanten drop opmierksam maachen, dassen mir Lycées-Schüler Prüfungen duerch beispillsweis Portfolioen ersaat wellen kréien.

Dëst géif ons en d'Méiglechkeet ginn amplatz Definitiounen auswenneg léieren, ons mat Portfolioen ze beschäftegen. Domat ginn mer kreativ vill méi Beansprocht an sëtzen ons méi mam Thema auserneen.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Déi aktuell Situatioun ass fir vill Schüler net einfach an den Stress an der Schoul mecht et net besser. Mir Schüler hunn keen sozialt Lierwen méi weder nach Freizeit.

Vun moies bis owes sinn mir mat der Schoul beschäftegt, fir déi Saachen déi mer beispillsweis am Homeschooling net matkruuten, nozehuelen.

Et ass net logesch oder akzeptabel, Saachen déi mer am Homeschooling gemach hunn mat an d'Prüfungen ze huelen. Vill Schüler kréien net alles doheem mat, well se keng stabil Internetconnectioun oder keen sechert Ëmfeld hunn an dem een sech konzentréieren kann. D'Motivatioun ass zimlech déif an hällt sech net nëmmen akademësch gesin an Grenzen.

Mir verpassen een Deel vun onser Jugend, kréien en net erem an falls een dann Freizeit huet, investéiert een déi komplett an d'Schoul.

Portfolioen sinn och immens fiirdeelhaft vue que dassen d'Schüler sech dann vill mam Thema auserneen sëtzen mussen an dobei méi léieren wéi wann se nëmmen Définitiounen auswenneg léieren fir se no der Prüfung rem ze vergiessen.