Eis Kanner sinn zu allem fäheg. Fir e richtegt a professionellt Schwammeléieren an der Grondschoul! - D’Petitiounen
Eis Kanner sinn zu allem fäheg. Fir e richtegt a professionellt Schwammeléieren an der Grondschoul!
Ëffentlech Petitioun Nr.507
Petitionär: Thomé Marco François
Objet vun der Petitioun
Fir d'Sécherheet vun eise Kanner! D'praktesch an d'theoretesch Erléiere vum Schwammen an der Grondschoul ass liewenswichteg. An der Grondschoul bestinn ideal Konditioune fir Spaass a Freed um Waasser ze kréien. Vill Eltere kennen sech keng privat Schwammcourse fir hir Kanner leeschten. Dofir ass d'ëffentlech Schoul an der Obligatioun, eise Kanner richteg an op professionell Aart a Weis d'Schwamme bäizebréngen. Richteg a professionell Schwamme léieren heescht: - d'Waasser gären hunn an sech ouni Angscht heiranner beweegen ze kennen; - op mannst dräi Schwammstyler beherrschen (brasse, crawl, dos crawlé, plongée et saut) - richteg Schwammtechnike beherrschen (Positioun vum Kierper, Kompressiouns- an Decompressiounsphasen) - encadréiert duerch professionellt, diploméiert ausgebildend Personal mat permanenter Weiderbildung Ass dat aktuell garantéiert an der Grondschoul? Nee ! Säit der Reform vun der Grondschoul am Joer 2009 ginn ëmmer méi Schwammmeeschtere vun den eigentleche Schwammcourse matt de Kanner entbonnen. A Plaz kennt eng Léisung wou Schoulmeeschteren oder Chargés de cours nëmmen eng minimal Rettungsausbildung hunn. Säit der Reform hëlt d'Qualitéit vum Schwammunterrecht innerhalb vun der Schoul ëmmer weider of. Dëst däerf net esou weidergoen! Dofir fuerdere mir en ëffentlechen Debat iwwert d'Zukunft an d'Qualitéit vum Schoulschwammen hei am Land. D'Regierung däerf sech hei net aus der Verantwortung stielen, andeems si esou mëscht wéi wann alles an der Rei wier an hir Verantwortung un d'Gemengenautoritéiten ofwälzt. Déi aktuell Entwécklung féiert iwwert kuerz oder laang dozou, datt d'Kanner ëmmer manner schwamme léieren, wat liewensgeféierlech ka sinn. Dëst beaflosst net nëmmen hir eege Sécherheet an déi vun hire Matmënschen, mee och hir Liewensqualitéit an déi vun der ganzer Famill. Fir Schwammcourse matt didaktesch a methodescher Professionalitéit, zum Wuel vun eise Kanner! Géint onprofessionell Kompetenzen, déi e funktionéirende System beim Schoulschwamme mëttelfristeg ofschafen.
Motivatioun vun der Petitioun
Ëffentlechen Debat
Petitioun Nr.507: Eis Kanner sinn zu allem fäheg. Fir e richtegt a professionellt Schwammeléieren an der Grondschoul!
Wichteg Informatiounen
Petitioun, déi Theema vun engem ëffentlechen Debat ass
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
21/05/2015
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
08/06/2015
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
19/12/2017
Lettre au Président de l'ALIN avec transmission au Président de la FGFC
14/11/2017
Lettre ouverte de la FGFC-ALIN
08/12/2016
Demarchë vun der Regierung am Kader vun der Instruktioun vun der Petitioun
Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
05/07/2016
Eng Stellungnam iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 507 ass disponibel, den 05-07-2016
Petitionär: Thomé Marco François
08/12/2015
Transmission de procès-verbaux de commissions au Ministre de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse ainsi qu'aux pétitionnaires
16/11/2015
E Meenungsaustausch war den 16-11-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 507
Aarbechten an der Kommissioun: Conclusions de la Commission suite au débat public du 28 octobre 2015
Procès-verbaux vun de Reuniounen
28/10/2015
En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 28-10-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 507
Procès-verbaux vun de Reuniounen
27/10/2015
7040 signatures validées
22/09/2015
Invitatioun fir den ëffentlechen Debat
29/07/2015
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1762
29/07/2015
Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 5278
Zuel vun Ënnerschrëften op Pabeier: 5.278
28/07/2015
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 507 huet den 28-07-2015 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht
21/07/2015
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 507 z'ënnerschreiwen ass den 21-07-2015 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1764
08/06/2015
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 507 ka vum 08-06-2015 un ënnerschriwwe ginn
04/06/2015
D'ëffentlech Petitioun Nr. 507 gouf den 04-06-2015 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 08-06-2015 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-07-2015 um 23h59
03/06/2015
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 03-06-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 507 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
22/05/2015
D'ëffentlech Petitioun Nr. 507 gouf den 22-05-2015 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Eis Kanner sinn zu allem fäheg. Fir e richtegt a professionellt Schwammeléieren an der Grondschoul! Zil vun der Petitioun: Fir d'Sécherheet vun eise Kanner! D'praktesch an d'theoretesch Erléiere vum Schwammen an der Grondschoul ass liewenswichteg. An der Grondschoul bestinn ideal Konditioune fir Spaass a Freed um Waasser ze kréien. Vill Eltere kennen sech keng privat Schwammcourse fir hir Kanner leeschten. Dofir ass d'ëffentlech Schoul an der Obligatioun, eise Kanner richteg an op professionell Aart a Weis d'Schwamme bäizebréngen. Richteg a professionell Schwamme léieren heescht: \u2022 d'Waasser gären hunn an sech ouni Angscht heiranner beweegen ze kennen; \u2022 op mannst dräi Schwammstyler beherrschen (brasse, crawl, dos crawlé, plongée et saut) \u2022 richteg Schwammtechnike beherrschen (Positioun vum Kierper, Kompressiouns- an Decompressiounsphasen) \u2022 encadréiert duerch professionellt, diploméiert ausgebildend Personal mat permanenter Weiderbildung Ass dat aktuell garantéiert an der Grondschoul? Nee ! Säit der Reform vun der Grondschoul am Joer 2009 ginn ëmmer méi Schwammmeeschtere vun den eigentleche Schwammcourse matt de Kanner entbonnen. A Plaz kennt eng Léisung wou Schoulmeeschteren oder Chargés de cours nëmmen eng minimal Rettungsausbildung hunn. Säit der Reform hëlt d'Qualitéit vum Schwammunterrecht innerhalb vun der Schoul ëmmer weider of. Dëst däerf net esou weidergoen! Dofir fuerdere mir en ëffentlechen Debat iwwert d'Zukunft an d'Qualitéit vum Schoulschwammen hei am Land. D'Regierung däerf sech hei net aus der Verantwortung stielen, andeems si esou mëscht wéi wann alles an der Rei wier an hir Verantwortung un d'Gemengenautoritéiten ofwälzt. Déi aktuell Entwécklung féiert iwwert kuerz oder laang dozou, datt d'Kanner ëmmer manner schwamme léieren, wat liewensgeféierlech ka sinn. Dëst beaflosst net nëmmen hir eege Sécherheet an déi vun hire Matmënschen, mee och hir Liewensqualitéit an déi vun der ganzer Famill. Fir Schwammcourse matt didaktesch a methodescher Professionalitéit, zum Wuel vun eise Kanner! Géint onprofessionell Kompetenzen, déi e funktionéirende System beim Schoulschwamme mëttelfristeg ofschafen.
21/05/2015
Depot
D’Sammele vun Ënnerschrëften ass eriwwer
No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 1762 vun den Ënnerschrëfte valabel.
Validéiert Ënnerschrëften
7 040 / 4 500