Eis Kanner sinn zu allem fäheg. Fir e richtegt a professionellt Schwammeléieren an der Grondschoul!

Ëffentlech Petitioun Nr.507

Petitionär: Thomé Marco François

Objet vun der Petitioun

Fir d'Sécherheet vun eise Kanner! D'praktesch an d'theoretesch Erléiere vum Schwammen an der Grondschoul ass liewenswichteg. An der Grondschoul bestinn ideal Konditioune fir Spaass a Freed um Waasser ze kréien. Vill Eltere kennen sech keng privat Schwammcourse fir hir Kanner leeschten. Dofir ass d'ëffentlech Schoul an der Obligatioun, eise Kanner richteg an op professionell Aart a Weis d'Schwamme bäizebréngen. Richteg a professionell Schwamme léieren heescht: - d'Waasser gären hunn an sech ouni Angscht heiranner beweegen ze kennen; - op mannst dräi Schwammstyler beherrschen (brasse, crawl, dos crawlé, plongée et saut) - richteg Schwammtechnike beherrschen (Positioun vum Kierper, Kompressiouns- an Decompressiounsphasen) - encadréiert duerch professionellt, diploméiert ausgebildend Personal mat permanenter Weiderbildung Ass dat aktuell garantéiert an der Grondschoul? Nee ! Säit der Reform vun der Grondschoul am Joer 2009 ginn ëmmer méi Schwammmeeschtere vun den eigentleche Schwammcourse matt de Kanner entbonnen. A Plaz kennt eng Léisung wou Schoulmeeschteren oder Chargés de cours nëmmen eng minimal Rettungsausbildung hunn. Säit der Reform hëlt d'Qualitéit vum Schwammunterrecht innerhalb vun der Schoul ëmmer weider of. Dëst däerf net esou weidergoen! Dofir fuerdere mir en ëffentlechen Debat iwwert d'Zukunft an d'Qualitéit vum Schoulschwammen hei am Land. D'Regierung däerf sech hei net aus der Verantwortung stielen, andeems si esou mëscht wéi wann alles an der Rei wier an hir Verantwortung un d'Gemengenautoritéiten ofwälzt. Déi aktuell Entwécklung féiert iwwert kuerz oder laang dozou, datt d'Kanner ëmmer manner schwamme léieren, wat liewensgeféierlech ka sinn. Dëst beaflosst net nëmmen hir eege Sécherheet an déi vun hire Matmënschen, mee och hir Liewensqualitéit an déi vun der ganzer Famill. Fir Schwammcourse matt didaktesch a methodescher Professionalitéit, zum Wuel vun eise Kanner! Géint onprofessionell Kompetenzen, déi e funktionéirende System beim Schoulschwamme mëttelfristeg ofschafen.

Motivatioun vun der Petitioun

Ëffentlechen Debat

Petitioun Nr.507: Eis Kanner sinn zu allem fäheg. Fir e richtegt a professionellt Schwammeléieren an der Grondschoul!

Wichteg Informatiounen

Petitioun, déi Theema vun engem ëffentlechen Debat ass

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

21/05/2015

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

08/06/2015

Zousätzlech Informatiounen

D’Sammele vun Ënnerschrëften ass eriwwer

No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 1762 vun den Ënnerschrëfte valabel.

Validéiert Ënnerschrëften

7 040 / 4 500

Petitioun deelen