De Mindestloun fir volljäreg Studenten zu Lëtzebuerg erhéijen - D’Petitiounen

D’Säit gëtt gelueden.

De Mindestloun fir volljäreg Studenten zu Lëtzebuerg erhéijen

Ëffentlech Petitioun Nr.4343

Petitionär: Bryan Dos Santos

Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel

Zil vun der Petitioun

Dës Petitioun huet als Zil, eng Erhéijung vun der Mindestbezuelung fir Studenten ab 18 Joer ze fuerderen, déi zu Lëtzebuerg am Kader vun engem Studentefräizäitjob während de Schoul- a Semesterferien schaffen. Aktuell däerf d'Bezuelung fir volljäreg Studenten, déi ënner engem Stundentekontrakt schaffen, net manner wéi 80 % vum Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter entspriechen. Dës Differenz an der Bezuelung kann e finanzielle Nodeel fir jonk Leit duerstellen, déi schaffen, fir hir Studien, hiren Transport, hire Logement an hir alldeeglech Ausgaben ze finanzéieren. Am Hibléck op déi héich Liewenskäschten zu Lëtzebuerg gëtt gefuerdert, dës Regelung ze iwwerpréiwen an d'Mindestbezuelung fir volljäreg Studenten op 100 % vum soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter ze erhéijen. Dës Moossnam géif de Studenten eng méi gerecht Entlohnung fir hir geleeschten Aarbecht erméiglechen an hir finanziell Onofhängegkeet souwéi hir Motivatioun, um Aarbechtsmaart deelzehuelen, stäerken. D'Propositioun soll d'Aarbechtskonditioune vu jonke Leit verbesseren, hire Bäitrag zur lëtzebuergescher Wirtschaft unerkennen an hinnen hëllefen, Studien, Aarbecht a finanziell Ausgaben besser mateneen ze vereinbaren. D'Zil ass et, eng méi gerecht Mindestbezuelung fir volljäreg Studenten ze garantéieren, dobäi awer och d'Interesse vun de Patronen an d'Erhale vun de Studentearbechtsplazen ze berücksichtegen.

Motivatioun vun der Petitioun

Zu Lëtzebuerg schaffen vill Studenten an de Schoul- a Semesterferien, fir hir Studien ze finanzéieren an deenen héije Liewenskäschten entgéintzekommen. Allerdéngs ass hir Mindestbezuelung méi niddereg wéi déi vun onqualifizéierten Aarbechter, trotz de Verantwortung an den Efforten, déi si bei hirer Aarbecht iwwerhuelen. Dës Differenz an der Entlohnung kann et jonke Leit erschwéieren, finanziell onofhängeg ze ginn an hir wesentlech Ausgaben ze decken. Eng Erhéijung vun der Mindestbezuelung fir volljäreg Studenten vun 80 % op 100 % vum soziale Mindestloun géif hire Bäitrag zur lëtzebuergescher Wirtschaft méi unerkennen, hir Aarbecht valoriséieren an eng méi grouss Gerechtegkeet tëscht den Aarbechter fërderen. Dës Moossnam géif och dozou bäidroen, jonk Leit ze encouragéieren, eng éischt berufflech Erfahrung ze sammelen, wärend si hir Studien weiderféieren. Et handelt sech ëm eng Fro vum allgemengen Interessi, well si d'Aarbechtskonditiounen, d'finanziell Onofhängegkeet an d'berufflech Zukunft vu ville jonke Leit zu Lëtzebuerg betrëfft.

Wichteg Informatiounen

Sammele vun Ënnerschrëften . Schrëtt 2 vun 4

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

03/11/2026

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

26/11/2026

Zousätzlech Informatiounen

D’Sammele vun Ënnerschrëfte leeft

De Seuil vu 5500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt

Agedroen Ënnerschrëften

6 / 5 500