Fir eng gerecht Ofsécherung vun de Pensiounsrechter vu Persounen an enger berufflecher Reintegratioun am Kader vun enger Convention thérapeutique - D’Petitiounen
Fir eng gerecht Ofsécherung vun de Pensiounsrechter vu Persounen an enger berufflecher Reintegratioun am Kader vun enger Convention thérapeutique
Ëffentlech Petitioun Nr.4332
Petitionär: Joé Schmitz
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Zil vun der Petitioun
Dës Petitioun huet als Zil, eng gerecht Ofsécherung vun de Pensiounsrechter vu Persounen ze fuerderen, déi am Kader vun enger Convention thérapeutique eng berufflech Reintegratioun maachen. D'Chamber gëtt gebieden, d'Auswierkunge vun dëser Form vu berufflecher Reintegratioun op d'Pensiounsrechter ze analyséieren, besonnesch am Bezuch op d'Cotisatiounszäiten an d'Opbaue vun enger Pensiounsversécherungskarriär. Zil ass et, ze préiwen, wéi dës Perioden an Zukunft besser berücksichtegt kënne ginn, fir ze verhënneren, datt betraffe Persounen duerch hir berufflech Reintegratioun laangfristeg Nodeeler bei hire Pensiounsrechter hunn. Ausserdeem soll gepréift ginn, wéi d'Betraffen transparent iwwer hir Pensiounssituatioun an eventuell feelend Cotisatiounszäiten informéiert kënne ginn.
Motivatioun vun der Petitioun
Dës Petitioun ass vun allgemengem Interessi, well si eng sozial a gesellschaftlech Fro betrëfft: d'PensiounsofSécherung vu Persounen, déi eng berufflech Reintegratioun am Kader vun enger Convention thérapeutique maachen. Persounen, déi sech no enger schwiereger Liewenssituatioun nees lues a lues an d'Beruffsliewe integréieren, sollen net riskéieren, datt dës Reintegratioun spéider zu Nodeeler bei hire Pensiounsrechter féiert. Et ass wichteg, datt si wëssen, wéi hir Zäit an hir berufflech Aktivitéit sech op hir Pensiounsversécherung auswierken. D'Äntwert vum Minister Max Hahn op d'parlamentaresch Fro Nr. 4748 vum 26. Oktober 2026 weist, datt d'Fro vun de Pensiounscotisatiounen a verschiddene Situatioune vu Persoune mat enger Behënnerung relevant ass an datt betraffe Persounen net onbedéngt spezifesch informéiert ginn, wann hinnen nach Cotisatiounszäite feelen. Dofir soll ënnersicht ginn, wéi d'Situatioun vu Persounen an enger Convention thérapeutique besser analyséiert an ofgeséchert ka ginn, ob eng Upassung vun de gesetzleche Bestëmmungen néideg ass a wéi eng fair Léisung fir déi betraffe Persoune fonnt ka ginn. D'Zil ass et, méi Transparenz, Gläichbehandlung a sozial Sécherheet ze fërderen, fir datt eng berufflech Reintegratioun net zu engem laangfristegen Nodeel bei der Pensioun féiert.
Wichteg Informatiounen
Sammele vun Ënnerschrëften . Schrëtt 2 vun 4
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
29/10/2026
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
26/11/2026
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
26/11/2026
D'ëffentlech Petitioun n°4332 ass op fir Ënnerschrëften ze sammelen.
25/11/2026
D'Petitioun ëffentlech n°4332 gëtt vun der Petitiounskommissioun als recevabel erkläert.
Decisioun: recevabel Datum vum Ufank vun der Ënnerschrëftsperiod: 26-11-2026 um 00:00 Auer Datum vum Enn vun der Ënnerschrëftsperiod: 06-01-2027 um 23:59 Auer
D’Sammele vun Ënnerschrëfte leeft
De Seuil vu 5500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt
Agedroen Ënnerschrëften
24 / 5 500