Fir eng méi konsequent Politik géint haart Drogen am ëffentleche Raum - D’Petitiounen
Fir eng méi konsequent Politik géint haart Drogen am ëffentleche Raum
Ëffentlech Petitioun Nr.4131
Petitionär: Dale Oswald
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Zil vun der Petitioun
D'Haaptzil vun dëser Petitioun ass et, d'ëffentlech Sécherheet an d'Sécherheetsgefill vun de Biergerinnen a Bierger am ëffentleche Raum ze stäerken. Dofir fuerderen mir eng méi konsequent Uwendung an Duerchsetzung vun de bestehende Gesetzer géint de Besëtz, de Konsum an den Handel mat haarden Drogen ausserhalb vun de gesetzlech virgesinnenen a kontrolléierte Strukturen, souwéi méi ofschreckend Sanktioune fir déi betreffend Verstéiss. Gläichzäiteg ënnerstëtzt d'Petitioun de Weiderbestand vun de spezialiséierten Hëllefs- a Betreiungsstrukture fir drogenofhängeg Persounen.
Motivatioun vun der Petitioun
An de leschte Jore gouf a verschiddene Géigende vum Land eng zouhuelend Präsenz vu Persounen observéiert, déi haart Drogen am ëffentleche Raum konsuméieren oder mat sech droen. Dës Substanze stellen eng Gefor fir d'ëffentlech Sécherheet. D' Persounen, déi ënner dem Afloss vun esou Substanze stinn, sin onberechenbar. Zousätzlech ginn dacks benotzten Drogenutensilien an Sprëtzen zereck geloos, net nëmmen op ëffentleche Plazen, mee och an ënnerierdesche Parkingen, an den allgemenge Beräicher vu Wunnresidenzen an op anere Plazen, déi vu ville Leit benotzt ginn (Parken, Spillplatzen). Dëst stellt e seriéise Gesondheets- a Sécherheetsrisiko duer, besonnesch fir Kanner, Awunner, Botzpersonal an aner Persounen, déi sech un esou Sprëtze verletze kënnen. Dofir fuerdere mir: • eng konsequent Kontroll an Uwendung vun de bestehende Gesetzer géint de Besëtz an de Konsum vun haarden Drogen ausserhalb vun den autoriséierte Strukturen; • d'Aféierung vun enger Mindestprisongsstrof vun 1 Joer fir Verstéiss am Zesummenhang mam Besëtz, Konsum oder Handel mat haarden Drogen ausserhalb vun de gesetzlech virgesinnenen a kontrolléierte Strukturen; • d'Méiglechkeet vu Prisongsstrofe vu bis zu 10 Joer a besonnesch schwéieren oder widderhuelte Fäll; Mir erkennen un, datt et zu Lëtzebuerg speziell Ariichtunge gëtt, an deenen drogenofhängeg Persounen Hëllef, medezinesch Betreiung, proppert Injektiounsmaterial an Ënnerstëtzung beim Ausstig aus der Sucht kréien. Dës Hëllefsstrukture spillen eng wichteg Roll fir d'Gesondheet an d'Sécherheet vun de Betraffenen an der Allgemengheet ze schützen a solle weiderhi bestoe bleiwen. D'Fuerderunge vun dëser Petitioun bezéie sech net op dës Ariichtungen, mee op de Besëtz an de Konsum vun haarden Drogen ausserhalb vun de gesetzlech virgesinnenen a kontrolléierte Strukturen.
Wichteg Informatiounen
Iwwerpréiwung vun den Ënnerschrëften
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
29/05/2026
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
25/06/2026
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
08/08/2026
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 4131 z'ënnerschreiwen ass den 08-08-2026 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 32
29/06/2026
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 4131 z'ënnerschreiwen ass den 29-06-2026 bis den 07-08-2026 verlängert ginn
Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 07-08-2026
25/06/2026
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 4131 ka vum 25-06-2026 un ënnerschriwwe ginn
24/06/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 4131 gouf den 24-06-2026 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-06-2026 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-08-2026 um 23h59
D’Zäit, fir Ënnerschrëften ze sammelen, ass ofgelaf.
D’Gültegkeet vun de gespäicherten Ënnerschrëften ass am gaangen, iwwerpréift ze ginn
Gespäichert Ënnerschrëften
32 / 5 500