E wéchentleche Cours fir Deeskalatioun a Konfliktléisung an eise Schoulen - D’Petitiounen
E wéchentleche Cours fir Deeskalatioun a Konfliktléisung an eise Schoulen
Ëffentlech Petitioun Nr.4108
Petitionär: Celestino Fecchi
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Zil vun der Petitioun
Dës Petitioun fuerdert d'Aféierung vun engem wéchentleche Cours fir Deeskalatioun a Konfliktléisung an de Primärschoulen a Lycéeën zu Lëtzebuerg. D'Zil ass et, de Kanner a Jugendlechen ze léieren, hir Emotiounen besser ze geréieren, Konflikter ouni Gewalt ze léisen, respektvoll ze kommunizéieren an Empathie, Nolauschteren a gutt Zesummeliewen ze stäerken. Wéinst der zouhuelender Gewalt, dem Mobbing an dem Manktem u Respekt an de Schoulen, soll dës Initiativ preventiv wierken an zu engem méi rouegen a respektvolle Schoulklima bäidroen am Interessi vun de Schüler, den Enseignanten an der ganzer Gesellschaft.
Motivatioun vun der Petitioun
An de leschte Jore gëtt et och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Fäll vu Gewalt, Mobbing, Beleidegungen, Provokatiounen a Respektmanktem an de Schoulen. Enseignanten, Educateuren, Elteren a virun allem d'Kanner selwer leiden ëmmer méi ënnert engem Klima vu Spannungen, psychologeschem Drock an aggressivem Verhalen. Vill Kanner a Jugendlecher hunn haut Schwieregkeeten, mat Frustratioun, Roserei, Konflikter oder Provokatiounen ëmzegoen. Amplaz ze schwätzen oder no Léisungen ze sichen, reagéieren ëmmer méi Jonker mat Aggressivitéit, Beleidegungen oder Gewalt. Dëst huet negativ Konsequenze fir d'Léierklima, d'Wuelbefanne vun de Schüler an d'Aarbechtskonditioune vum Schoulpersonal. An der Schoul léieren d'Kanner Mathematik, Sproochen a Wëssenschaften mee et gëtt kaum systematesch enseignéiert, wéi een respektvoll kommunizéiert, Konflikter léist, Emotioune kontrolléiert oder mat Stress a sozialem Drock ëmgeet. Dobäi sinn dat Fäegkeeten, déi am Alldag an am spéidere Liewen immens wichteg sinn. E wéchentleche Cours ab Primärschoul bis um een vom Lycée fir Deeskalatioun a Konfliktléisung kéint de Kanner a Jugendlechen hëllefen: besser mat Konflikter ëmzegoen, Gewalt ze vermeiden, Respekt an Empathie z'entwéckelen, besser nozelauschteren, sech selwer a seng Emotiounen besser ze kontrolléieren, an e bessert Zesummeliewen an der Schoul a Gesellschaft opzebauen. Esou eng Initiativ wier net nëmmen eng Hëllef fir d'Schoulen, mee eng laangfristeg Investitioun an d'Zukunft vun eiser Gesellschaft. Wa Kanner scho fréi léieren, Konflikter mat Respekt amplaz vu Gewalt ze léisen, kann dat zu méi Sécherheet, méi Zesummenhalt an engem bessere gesellschaftleche Klima bäidroen. Dës Petitioun setzt sech dofir an, datt sozial Kompetenzen, Respekt an Deeskalatioun dee selwechte Stellenwäert kréien ewéi aner wichteg Schoulfächer.
Wichteg Informatiounen
Iwwerpréiwung vun den Ënnerschrëften
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
14/05/2026
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
04/06/2026
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
18/07/2026
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 4108 z'ënnerschreiwen ass den 18-07-2026 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 82
29/06/2026
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 4108 z'ënnerschreiwen ass den 29-06-2026 bis den 17-07-2026 verlängert ginn
Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 17-07-2026
04/06/2026
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 4108 ka vum 04-06-2026 un ënnerschriwwe ginn
03/06/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 4108 gouf den 03-06-2026 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 04-06-2026 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-07-2026 um 23h59
D’Zäit, fir Ënnerschrëften ze sammelen, ass ofgelaf.
D’Gültegkeet vun de gespäicherten Ënnerschrëften ass am gaangen, iwwerpréift ze ginn
Gespäichert Ënnerschrëften
82 / 5 500