Fir méi Präissecherheet beim Kaf vun Heizungsmasutt. - D’Petitiounen
Fir méi Präissecherheet beim Kaf vun Heizungsmasutt.
Ëffentlech Petitioun Nr.4086
Petitionär: Romain Reiter
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Zil vun der Petitioun
Dofir fuerdere mir d'Politik op, de gesetzleche Kader esou unzepassen, datt: • de Präis fir Heizungsmasutt als Maximalpräis gëllt, deen zum Zäitpunkt vun der Bestellung festgeluecht gëtt; • Präisbestëmmung ,,bei Liwwerung" am Konsumentebereich ausgeschloss gëtt, wann de Präis doduerch eropgoe géif; • Präisgklauselen, déi no der Bestellung zu Präiserhéijungen féieren, fir Heizungsmasutt net méi zougelooss ginn. Mir bieden d'Chamber vun den Deputéierten, dës Fuerderungen ze berücksichtegen an déi néideg gesetzlech Schrëtt anzeleeden.
Motivatioun vun der Petitioun
Am Kontext vun internationale Konflikter kënnt et ëmmer erëm zu Schwankungen op de weltwäiten Energiemäert, déi sech och op d'Präisser fir Heizungsmasutt auswierken. Dat féiert dozou, datt Konsumenten Heizungsmazout zu engem bestëmmte Präis bestellen, awer bei der Liwwerung e méi héije Präis verrechent kréien. Doduerch entsti fir d'Keefer onerwaart finanziell Belaaschtungen. Et ass net akzeptabel, well de Präis als zentral Bestanddeel vun der Kafentscheedung ass. Dobäi ass et aus Konsumenteschutz-Siicht essenziell, datt d'Bestellung als verbindleche Kafvertrag ugesi gëtt, bei deem d'Haaptbedingunge - notamment Präis, Quantitéit a Liwwerdelais - zum Zäitpunkt vum Ofschloss definitiv festgeluecht ginn. De bei der Bestellung ofgemaachte Präis soll dobäi als verbindleche Maximalpräis gëllen, deen och no der Liwwerung net dierf iwwerschratt ginn.
Wichteg Informatiounen
Iwwerpréiwung vun den Ënnerschrëften
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
24/04/2026
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
14/05/2026
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
25/06/2026
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 4086 z'ënnerschreiwen ass den 25-06-2026 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 36
14/05/2026
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 4086 ka vum 14-05-2026 un ënnerschriwwe ginn
13/05/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 4086 gouf den 13-05-2026 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 14-05-2026 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-06-2026 um 23h59
D’Zäit, fir Ënnerschrëften ze sammelen, ass ofgelaf.
D’Gültegkeet vun de gespäicherten Ënnerschrëften ass am gaangen, iwwerpréift ze ginn
Gespäichert Ënnerschrëften
36 / 5 500