Fir méi Präissecherheet beim Kaf vun Heizungsmasutt.

Ëffentlech Petitioun Nr.4086

Petitionär: Romain Reiter

Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel

Zil vun der Petitioun

Dofir fuerdere mir d'Politik op, de gesetzleche Kader esou unzepassen, datt: • de Präis fir Heizungsmasutt als Maximalpräis gëllt, deen zum Zäitpunkt vun der Bestellung festgeluecht gëtt; • Präisbestëmmung ,,bei Liwwerung" am Konsumentebereich ausgeschloss gëtt, wann de Präis doduerch eropgoe géif; • Präisgklauselen, déi no der Bestellung zu Präiserhéijungen féieren, fir Heizungsmasutt net méi zougelooss ginn. Mir bieden d'Chamber vun den Deputéierten, dës Fuerderungen ze berücksichtegen an déi néideg gesetzlech Schrëtt anzeleeden.

Motivatioun vun der Petitioun

Am Kontext vun internationale Konflikter kënnt et ëmmer erëm zu Schwankungen op de weltwäiten Energiemäert, déi sech och op d'Präisser fir Heizungsmasutt auswierken. Dat féiert dozou, datt Konsumenten Heizungsmazout zu engem bestëmmte Präis bestellen, awer bei der Liwwerung e méi héije Präis verrechent kréien. Doduerch entsti fir d'Keefer onerwaart finanziell Belaaschtungen. Et ass net akzeptabel, well de Präis als zentral Bestanddeel vun der Kafentscheedung ass. Dobäi ass et aus Konsumenteschutz-Siicht essenziell, datt d'Bestellung als verbindleche Kafvertrag ugesi gëtt, bei deem d'Haaptbedingunge - notamment Präis, Quantitéit a Liwwerdelais - zum Zäitpunkt vum Ofschloss definitiv festgeluecht ginn. De bei der Bestellung ofgemaachte Präis soll dobäi als verbindleche Maximalpräis gëllen, deen och no der Liwwerung net dierf iwwerschratt ginn.

Wichteg Informatiounen

Recevabel

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

24/04/2026

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

14/05/2026

Zousätzlech Informatiounen

Recevabel

De Seuil vu 5500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt

Gespäichert Ënnerschrëften

0 / 5 500

Petitioun deelen